Fans hate sech scho laang drop gefreet, d'Kënschtlerin Lorde e Sonndeg den Owend an der Rockhal ze gesinn. Ma doraus gëtt elo näischt.

Den ausverkaafte Concert an der Rockhal zu Esch - dem Lorde hiren éischten zu Lëtzebuerg - gouf e Sonndeg kuerzfristeg ofgesot, nodeems d'Musekerin sech eng Liewensmëttelvergëftung zougezunn huet.

Op hirem Instagram schreift déi 29 Joer al Neiséilännerin, si hätt zanter e Samschdeg den Owend Symptomer a wier nach ëmmer ze krank, fir sech op d'Bün ze stellen: "Ech hu mech de ganzen Dag ausgerascht an der Hoffnung et géif mer nees besser goen, ma ech ka bal net stoen an dir hutt méi verdéngt."

Vun der Rockhal heescht et, et géif no engem neien Datum gesicht ginn an d'Tickete géifen dann och fir dee valabel bleiwen. Wann den neien Datum net géif passen, kréich ee seng Suen zeréck, heescht et dann nach vum Lorde.

D'Fans vun der Sängerin schénge sech de gemeinsamen Owend awer net wëllen huelen ze loossen. An enger Fangrupp op Instagram huet et kuerz no der Annonce geheescht, et géif ee sech amplaz dann einfach um 19 Auer op der Place d'Armes an der Stad treffen.

RTL

© Screenshot Lorde via Instagram