De Realisateur vum The Shape of Water a Pans Labyrinth, de Mexikaner Guillermo del Toro, huet säi ganzt Liewe vun enger Adaptatioun vum Mary Shelley sengem Frankenstein gedreemt.

No méi ewéi drësseg Joer konnt hien deen Dram mat enger 125 Millioune schwéierer Netflix-Produktioun verwierklechen.

De Victor Frankenstein ass e Wëssenschaftler, dee vun der Iddi besiess ass, den Doud z’iwwerwannen an deen iwwerzeegt dovunner ass, genee ewéi Gott enger doudeger Kreatur kënne Liewen anzefléissen. Fir der Welt ze beweisen, datt hie Recht huet, bitzt hie sech en néie Mënsch aus den Iwwerreschter vun Zaldoten zesummen an no enger stiermescher Nuecht erwächt hien a fënnt sech viru senger eegener lieweger Kreatioun zeréck. Enttäuscht dovunner, datt säi Wierk awer net méi soe ka ewéi "Viktor", behandelt hien et wéi en Déier, ouni iergend eng Form vun Empathie. Bis d’Kreatur sech géint säi Meeschter revoltéiert.

D’Ouverturessequenz vun dëser spektakulärer Verfilmung vum Mary Shelley hirem Frankenstein versprécht grousse Kino, deen eng erstaunlech Balance aus renger Ästhetik a mysteriéisen Elementer opweises huet. No engem faszinéierenden éischten Akt gewënnt awer d’Striewen nom visuelle Glanz d’Iwwerhand an dat Mysteriéist geet verluer. Dem mexikanesche Realisateur Guillermo Del Toro seng Léift fir den Detail fënnt sech a magistrale goteschen Dekoren a Kostümer zeréck. Et gëtt een awer d’Gefill net lass, datt den Del Toro esou beschäftegt domat war endlech säi Klassiker ze realiséieren, datt hie vergiess huet, dem Monster seng Séil ze weisen.

Genee wéi a sengem leschte Film Crimson Peak sinn et déi schwéierfälleg Dialogen, déi hei d’Iwwerhand gewannen an déi d’Narratioun ëmmer méi an eng kitscheg Oper verwandelen. Eng pathetesch Musek geet do och net duer, fir staark Emotiounen opkommen ze loossen.

Den Jacob Elordi ass fantastesch an der Haut vun der Kreatur. A senger Rou, a senge Blécker läit eppes Traureges a fundamental Mënschleches, dat weist, wat de Film hätt kënne sinn, an zwar eng Geschicht iwwer d’Schéinheet vun deem, wat ebe grad net perfekt ass. Dem Del Toro säi Frankenstein ass deemno vläicht einfach nëmmen ze vill perfekt a berechebar, am Géigesaz zu senge Protagonisten.