Et ass eng gutt Method, fir an iergendenger Sprooch Wierder an engem Zesummenhank mateneen ze léieren. Dat guff alt emol an der Zäit ‚centres d’intérêt‘ genannt. Op dësen Ouschterdeeg wier d’Eeë da ganz bestëmmt net ‚dolaanscht*.

Mir hunn an eiser Sprooch och an deem ‚Wierderfeld‘ nawell* eng Grëtz* ze iwwerleeën, well d’Hénger jo esou almoudesch sinn, datt si schon zënter* Mënschendenken hirer genësseger Gackelcher* leeën. Ech geng wetten, datt bestëmmten Ausdréck do rondrëm am Lëtzebuergeschen dofir och bal ‚zënter Uedem an Éiv‘ doheem ... an esouguer onver-wiesselbar ‚EISES‘ sinn. Dofir fannt dir sécher deer och am Bichelchen ‚ABEEJO‘, dat an e puer Wochen erauskënnt an sech mat Honnerte vu klenge Sätz ofgëtt, déi een a kenger anerer Sprooch esou fënnt: oniwwersetzbar a bei enger eventueller Iwwersetzung einfach net méi erëmzekennen… nom typeschen engleschen Ausdrock: lost in translation. Dir wäert nach dacks* schmunzen oder laachen, wann dir déi kéipweis Sätz och dann nach op däitsch a franséisch drënner ‚eriwwergebruet*‘ begéint… vrun allem och, wann de Karrikatur-meeschter Carlo Schneider deer en etlech an de Grëff gehol huet

Schon d’Ee selwer ass als ‚Gackelchen*‘ néierens anescht ze fannen; huet et eng Bascht*, da guff och nach gesot, et wier gekrächt*. Kacht dir et 3 oder 5 Minutten… da kritt dir en ‚Zapp-Ee*‘; dir kënnt ower och eng geschméicheg ‚Triwwel*‘ draus maachen; et gëtt der nach ëmmer, déi nawell gär e réit Eee ‚schluppen*‘. Eisen Ausdrock ‚Dicki*‘ fir en Hong sicht dir soss néierens mat kenger Silb; datt den Hunn d’Hong ‚käipt*‘, ass vläicht net grad fein… ower, gelldir, mir hunn op deem ganze Gebitt e ganze Kierfche voll Ausdréck, déi et net nëmme fir bei den Déiere gëtt.

Wann dir owes doudmidd sidd, dann heescht et jo och, dir gengt elo ‚op de Juck*‘ klammen… do wou d’Dickelcher an déi häerzgepuppelt Jippelcher* hir Nuecht jo och nawell gär erëmbréngen… a mir vläicht kënnte vun deene sëlleche* Wierder dreemen, déi et hei aus eiser Sprooch ze fanne gëtt… mam Ouschtercadeau vum Carlo Schneider. (*= EISES).

RTL