Affekotesprooch! An am Spidol?
Ob e Mënsch an engem Restaurant mech "op Lëtzebuergesch" zervéiert, dat ka mir zugudderlescht egal sinn; wann dat mir net passt, da brauch ech jo net méi dohinner ze goen. Ob deen, deen u mengem Auto schafft Franséisch oder soss eppes schwätzt…d'Haaptsaach ass, hie versteet, oder kritt gesot, wat ech gär hätt. Deer selwechter Beispiller wieren elo nach kéipweis ze bréngen, wou d'Sprooch zwar eng Roll spillt, mä keng Gefor ka ginn. Dacks hält et och um Patron, deem et schnutz-egal ass, wat seng Leit schwätzen…an un äis, fir op déi eng oder aner Manéier ze reagéieren. Ech hat nach ni e Problem domat. Eis Affekoten hunn et an der Zäit fäerdegbruecht, datt hirer auslännescher Kollegen nëmmen offiziell däerfen hei eng Beruffserlaabnes kréien, wann si déi "dräi offiziell Sprooche" vum Grand-Duché kënnen a kennen, also och Lëtzebuergesch. Commentairen doriwwer sollen de Politiker versuergt bleiwen. De Legislateur stäipt sech do natierlech op eist Sprooche-Gesetz vun 1984…als Souvenir u mäi grousse Chef a léiwe Frënd, den Här Staatsminister Pierre Werner, wäerd ech nach mat der Zäit ënner aneren Anekdoten och déi bréngen, wou hie mir um Enn vun engem Gespréich gesot huet, ech soll eng Commissioun zesumme stellen, déi e Plang fir e Gesetz iwwer eis Sprooche-Situatioun géng maachen. Eent ower emol direkt: domat ass deemools vu villen "dichtege" Leit de Geck gemaach ginn, an ech guf als dee schëllege Fanatiker a "Beruffslëtzebuerger" geschleeft. Maja. An haut?! "Felix culpa" heescht et an enger wonnerschéiner Karwochen-Antiphon, "glécklech Schold".
Et gëtt ower ee Gebitt, wou mat der Sprooch net ze spaassen ass, well do d'Verstoen oder d'Schwätze vun enger Sprooch liewenswichteg an esouguer liewensgeféierlech ka ginn: d'MEDEZINN! Hei kann et iech ower virkommen, datt dir Hals iwwer Kapp an eng Klinik ageliwwert gëtt, dir gitt vun engem Medezinner ënnersicht an ausgefrot, dee kee Wuert Lëtzebuergesch kann; et dréint och nach anert Personal rondrëm iech, dat soss näischt kann a versteet wéi Franséisch; dir sidd souwisou himmelschlecht drun, an, an,an. Wann dir fir en Halswéi oder en Ouereproblem musst bei en Dokter goen, dann huet dir d'Wiel. Mä am Spidol huet dir näischt an deem Sënn ze bestellen. Wéi ass et dann do mat deene Leit, déi am Franséischen net esou "doheem" sinn? Déi keng "Schoule gemaach" hunn? Wéi geet et deenen do, déi elo an deem komplexe Gesondheets-Alter sinn, déi duerch de Krich keen oder bal kee Franséisch geléiert hunn, z.B. d'Joergäng 1930 bis 1936?
Wéi gesot: d'Affekote-Sprooch ass eng Saach. Mä wéi ass et mat der "Spidols-Sprooch", der Sprooch bei enger "Röntgen", engem "Scanner", der Reeduktioun asw. ? Wou sinn déi Politiker, déi sech endlech emol un dee vill méi wichtege Problem eru maachen? Do ass e sëlleche méi "Stëmmes" ze rafen…ower dat geet net esou einfach wéi bei der Affekoterei. Firwat setzt eis Chamber-Commissioun vun der "Santé" sech net mat dem Minister an deene Leit zesummen, déi dës Problematik ewell zënter Joer an Dag "um Napp" hunn. Mol kucken. Fir d’Saach e bësse spaaseg ze illustréieren, hei en al-bekannt a rhythmesch exemplarescht Gedichtche vun ‚eisem‘ Dicks…dat bei dës Iwwerleeunge passt:
Eng Hamebritt
En Dokter am Land,
Dee wor net amstand
Den "R" richteg auszespriechen.
Dunn ass eng geschitt
mat Hamebritt
't ass fir engem d'Häerz ze briechen.
E Kranke gong besser, en hat Appetitt,
Mä d'Féiwer wor nach net verdriwwen;
Den Dokter, deen huet dunn eng Ramebritt,
Mat Virsiicht ze huelen, verschriwwen.
Eng Ramebritt duecht en, eng Amebitt sot en,
Eng Hamebritt gouf e verstanen;
A wéi dunn den aarme Kranken, Geploten
Seng Britt hat, du ging e ‚vun danen‘.
Den Dokter koum kucken deen aneren Dag,
Wéi d'Zëppchen dem Kranke geschmaacht.
E fonnt blouss eng Läich; 't verzielt een em d'Saach.
"Wat!" rifft en, "wat hutt dir gemaach!"
"Onglécklech Mënschen, all wéi dir hei sidd!
"Wéi hätt ech iech dat da sollt so'n?
" Eng Amebitt ass dach keng Amebitt,
"dat géif dach all Eefalt versto'n!"
't wor alles emsoss
jiddreen hat säi Verdross,
de Kranken hat seng Britt
et wor geschitt.