75 Joer ale « Klenge Prënz »
Wie weess da schon, datt de Schreiwer vum ‘Klenge Prënz‘, den Antoine de Saint Exupéry d’éischt wollt Marine-Offizéier ginn, ower de Concours net gepackt huet… well hie sproochlech net gutt genuch war. Hei passt eise stacklëtzebuerger Ausdrock: Abeejo, majo dann! Datt dee ‚Prënz‘ no der Bibel dat meescht iwwersatent Buch vun der Welt ass, hunn der ewell vill matkritt… an zwar wäit iwwer 300 mol (nom Artikel vum Marc Thill am ‚Wort‘). An der Schwäiz gëtt et e Sammel-Freak (Probst), deen de ‚Klenge‘ Prënz an all senge Sproochgesiichter katalogéiert huet… och déi 2 Lëtzebuerger Versiounen. An e sëlleche Sprooche ginn et esouguer e ganze Grapp voll Iwwersetzungen; eleng fir d’Däitscht – haalt iech un – existéieren der 16; bei deene leschte fanne mir dann esou prominent Auteure wéi de Peter Sloterdijk an den Hans-Magnus Enzensberger. Hir Iwwersetzunge sinn net grad dat Gielt vum Gackelchen; si hunn dat zimlech ‚fräi‘ gemaach… ower fir e klasseschen Text wéi dee vum ‚Saint Ex‘ ass eng ‚fräi‘ Traductioun net onbedéngt ‚digelech‘: doriwwer eraus ass ‚cambouis‘ keen Ueleg mä Wonschmier/Fett; e ‚grelot‘ och keng Klack, mä eng ‚Bimmel‘… déi jo net ‚laut‘...
Mäi Kolleg Josy Braun huet de Verdéngscht, de Klenge Prënz als Éischte Lëtzebuergesch schwätzen ze léieren; ech hu ganz bewosst seng oder iergend eng aner Versioun vu mir ewechgehal, iert ech meng Iwwersetzung op de Leescht gehol hunn. Eréischt duerno guff an aneren Traductioune ‚geschnoffelt‘… do sinn ech plazeweis verwonnert gewiescht, datt ganz Sätz ‚lost in translation‘ waren. Hei hunn ech mech dann e bëssen un dee bekannten italiéinesche Sproch vum ‚tradutore traditore‘ erënnert. Majo dajee, jidderengem säint, gell.
Als Schoulmann ass et mir och drëm gaang, datt een z.B. fir Lëtzebuergesch ze léieren, dat franséischt Original a meng Iwwersetzung misst kënnen nieftenee leeën a verschaffen. Doriwwer eraus huet et mir nëtzlech geschéngt, de ganzen Text op CD ze liesen, fir déi eege ‚Schaukel- Melodie‘ vun eiser Sprooch mat an d’Oueren ze kréien… wat dann aus dem Klenge Prënz och eng Zort Schoulbuch gemaach huet. Dovu kann da jiddereen halen an domat maachen, wat e wëllt.
D’Buch mat den 2 CD ass nach ëmmer ze kréien (Bicherbutteker; Actioun-Lëtzebuergesch)…a kascht knapps méi wéi e ‚Büffdeck mat Zalot‘. (ISBN 978-3-940760-81-4)