Eng vun den Apaartheete vum Lëtzebuergeschen ass heirëmmer deen Ënnerscheed bei dësem ‚Zuelwuert‘; dees musse mir ewell bis an d’Griechescht an d’Latäin siche goen!. An alle Sproochen, déi mir hei rondrëm hunn, gëtt et keng Spur vun Ënnerscheed tëscht ‚männlech – weiblech – sächlech  am Fall vun zwee.

‚zwei‘ Männer, Frauen, Kinder / ‚deux hommes, femmes, enfants /two men, women, children.  Mir kënnen also roueg behaapten, an dësem Fall wier d’Lëtzebuergescht méi exakt wéi dës dräi ‚Héichsproochen‘. Gelungenerweis ass dat och an de Lëtzebuergesch-Coursë fir auslännesch Leit ganz flott an ouni Geknadders ukomm; vläicht kann een dat behaapten, wann een deer ‚Schoul‘ 14 Joer laang gehal huet.

Hei passt dann och e klenge Witz eran, dee vun enger Fra erzielt, déi Wirschtercher beim Metzler sollt kafen: „Gitt mir och nach zwéi Wirschtercher – sinn et der dann zwéin oder zwou, Madame? – dann alt nëmmen een – ass et dann elo ‚een‘ oder ‚eng‘? – oh, da maacht mir der dräi…“.

Déi Gläichmaacherei vun zwéin/zwou/zwee ass bestëmmt net wichteg, ower si gëtt äis eng däitlech Iddi, wéi eng Sprooch ka ‚verflaachen‘; wat jo net nëmmen e Phenomän am Lëtzebuergeschen ass; mir fanne genee deeselwechten Hank am Franséischen, dem Däitschen an dem Engleschen. Et ass och a jidfer Sprooch eng Fro vu ‚Schwätzliddregkeet‘, wou ganz Silben einfach verschléckt ginn; huelt emol als Beispill d’Texter vum ‚Rapp‘… woumat een op Lëtzebuergesch lëschteg Witze mat eisem Ausdrock ‚räppse‘ maache kann. Mä et soll jo Konscht sinn… ower nëmme wann een egal watfir ‚Konschte‘ mat ‚Konscht‘ verwiesselt.

Et gëtt nun emol esou eppes wéi de Begrëff ‚Kultur‘; och beim Ëmgank mat de Sproochen. Mä Zodi rappen, ‚Rappzodi‘ a Rhapsodie ass nun emol op d’mannst zweeërlee. Wann een seng Frustereien op egal watfir eng Fassong erausléisst, muss een dat net onbedéngt ‚Kultur‘ nennen, och wann et eng gewëssen Zäit laang ‚Kult‘ oder ‚Hype‘ ka sinn… mat deem vrun allem boren Drot gemaach gëtt. Dir kënnt och sécher sinn, datt all dat 1000Watt-Gewumms, Geschnadders, Geros a Gebirels net méi laang lieft ewéi d’Bléien am Fréijoer. Iwregens ass et engem wéi wann et ewell eng Zort ‚Entschleunigung‘ an deem ganze ‚gerockte‘ Geräbbels giff ginn. Bopa, hal elo op mat dengem Gegrommels, gelldir. Ok.

Ee Gléck hu mir an allen zerguttsterte Sproochen och nach immens vill Geschriwwenes, dat zugudderlescht de Stack vun den ‚normale‘ Sprooche bleift; kloer, an der Literatur; mä datselwecht gëllt fir d’Press: Stellt iech dach emol vir, de ‚Monde‘, de ‚Spiegel‘, d’Times, d’Wort‘ oder de ‚Journal‘ giffen an engem ‚geschnodderte Franséisch, Däitsch, Englesch geschriwwen, dat sech deem sougenannte ‚modeeeeeerne‘ Rapp-Trend giff upassen… net auszedenken.

Natierlech sinn dat hei ‚konservativ‘ Mierwelereien. Ower muss ‚eppes erhalten/versuergen‘ dann onbedéngt schlecht oder esouguer topeg sinn. Da misste mir mat allem ‚apaken‘ dat äis d’Vergaangenheet explizéiert ‚an der Riicht hält‘, nobréngt! Dat gëllt och fir eis Geschicht… an déi ass ouni dat, wat eis Sprooch hir bruecht huet a bréngt, net liicht virstellbar. Besonnesch an engem klenge Land, dat seng Diere fir honnertdausendeweis Awanderung zënter dem 19. Joerhonnert ophuet… und das war/ist gut so! Mä dann iwwerleet emol, wat integratiounsméisseg doraus ginn ass… a gëtt.