Nodenken deet net wéi!
Et wier glat net esou iwwel, wa mir emol méi dacks driwwer giffen nodenken, watfir eng apaart Positioun eis kleng Sprooch ënnert den dosendweisen ‚Idiomen‘ vun deem Strank um Bam vun de sougenannten ‚indo-europäesche‘ Sproochen huet. Op engem vun den décken Äscht dorop fanne mir jo dee ‘germaneschen’…an deen ass nun emol net einfach nëmme mat ‚Däitsch‘ ze ‚iwwersetzen!
Gewëss: dat Däitscht huet e ganze Grapp voll Dialekter an Ënnerdialekter; déi sinn dacks esou verschidden, datt een aus dem Süde vun der Bundesrepublik knapps ee vun Hamburg versteet; dat Ëmgedréint stëmmt och, an dat selwecht gëllt fir den Osten an de Westen. Verwonnerlech ass dat jo net, wann een sech eng Grimmel an d’Geschicht vun deem erakruwwelt, wat mir haut ‚Däitschland‘ nennen. Wien sech d’Méi gëtt, emol um Internet no enger historescher Kaart vun ëm 1800 oder nach méi fréi ze kucken, dee wonnert sech iwwer dat ‚Gewulls‘ vu Kinnekräicher, Herzogtümer a Grofereien, déi et um BRD-Gebitt vun haut guff. Natierlech stong iwwer all deene ‚Wëppelen‘ och eng Famill, déi ‚regéiert‘ huet; a grad esou war et kee Wonner, datt déi sech net alleguer ‚gréng‘ waren. Mir giffen haut soen, et wier an engem Stéck Gestreits a Gebutteks gewiescht; ower net nëmmen: d’Bestuederei an d’Gëierfs hunn och eng ongeheier grouss Roll gespillt…iwregens sinn ‚eis‘ Grofe jo och esou Kinneke vu Béime ginn…Déi Schlaust schéngen d’éisträichesch Habsburger gewiescht ze sinn, well do huet et jo geheescht, ‚bella gerant alii, tu felix Austria nube‘= déi aner féiere Kricher, Du, glécklecht Éisträich, méchs Houchzäiten.
All dat Gerëffels a Gewulls war kloererweis kee gudde Buedem, fir sproochlech op eng Linn ze kommen. Dofir ass et och esou schwéier, fir Geschreifs vu virum Luther ze verstoen, deem dat bewosst war, wéi hien seng ‚teutsche‘ Bibel iwwersat huet. Dat ass dann och de Buedem fir déi immens Literatur ginn, déi mir am Däitsche vun nom 16. Joerhonnert kennen, an déi vum 18. Joerhonnert un déi klassesch Form kritt huet, déi d‘Philosophen an Dichter hir ginn hunn. Am Frankräich war dat méi ‚einfach‘, well mir do ganz fréi d’Formatioun an d’Entwécklung vun engem Zentral-Staat begéinen. Ewell am 11. Joerhonnert fanne mir déi Zort ‚Spooche-Phenomän‘ an deem, wat vill méi richteg ‚Groussbritanien‘, aplaz nëmmen ‚England‘ genannt gëtt. Vläicht alles komplizéiert…ower et gëtt kee krank dovun, wann hie sech e bëssen dofir intresséiert :-)
Wat huet dat mam Lëtzebuergeschen ze dinn? Éischtens emol sinn déi ‚Saachen‘ iergendwéi heiriwwer a laanscht gezun an hu souzesoe Sproochspuren hei gelooss. Gescheit Männer wéi den Tunn Meyer, den Dicks, de Lentz, de Rodange, de Gangler, den Diedenhofen, de Welter asw. asf. Hun am Fong – bei allem Verglachrespekt – déiselwecht Roll fir eis Sprooch gehat, wéi Schrëftsteller an aneren Idiomen. Schon iwwerluecht firwat? Déi waren alleguer dach an de grousse Sprooche vu rondrëm ‚doheem‘. Wa mir da kucken, wéi en Nik.Welter, e Marcel Reuland, en Tit Schroeder, e Paul Noesen, e Robert Bruch an eng gutt Dosen anerer un deer knubbeleger Sprooch geschlaff hunn, déi mir z.B. nach beim Tunn Meyer begéinen, da kann een sech nëmme wonneren… vläicht och emol driwwer nodenken, datt net egal wat ‚Lëtzebuergesch‘ mä d’meescht schlecht Däitsch ass, wat engem esou aus munnecher ‚Quell‘ an d’Ouer leeft!