Ech liesen, datt Dir – als Geeschtlechen – bei de portugiseschen Oktavpilger gesot huet, fir d’Integratioun hei zu Lëtzebuerg wier d’Sprooch vum Land net wichteg. Déi Klatz do huet Dir fatzeg nieft den Dill gehäit; wéi Dir heihi komm sidd, a firwat Dir hei dat ‚déckt Wuert huet‘, weess ech net. Wat ech ower weess, dat ass, datt Dir näischt vun der Saach ‚Integratioun‘ verstit…oder fir bei Äre Leit de schéine Männchen ze maachen, näischt verstoe wëllt!

Zënter dem Enn vun de 60er Joere kummen Zéngdausende vun Äre Landsleit hier op Lëtzebuerg hir Kuuscht verdéngen. Si hu vill a gutt hei geschafft, a Lëtzebuerg domat gehollef, dat ze ginn, wat eist Land haut ass. Iwregens sinn ënnert deene portugiseschen Awanderer och Dausende vu Leit gewiescht, déi aus de lusitanesche Kolonië wéi dem Angola oder de Capverden deemools souzesoen ‚erausgehäit‘ gi waren… an am Portugal wéi dat Allerlescht behandelt guffen; si ware ‚Paria‘ an hirem eegene Land…an dofir hu mir der vill dovu ‚gëierft‘; jidfer verstännegem Lëtzebuerger sinn déi Leit grad esouvill wäert wéi Mënschen, déi sech hu missen aus dem Salazar-Portugal selwer expatriéieren, well si keng Schaff do fonnt hunn a keng Existenz konnte grënnen. Déi Leit si Lëtzebuerg dankbar. Vun hire Kanner a Kandskanner geet nach knapps een hannescht an hirt Stackland; déi meescht vun deene maachen sech Lëtzebuerger, schwätzen eis Sprooch; et hunn der e sëllechen eng gutt oder esouguer Super-Carrière hei gemaach. Kuckt dach och  emol bei den Nimm vu Professeren, Affekoten, Dokteren a Staats- oder Privatbeamtem… git emol bei eise Justizminister froen, wéi et fir hie perséinlech mat der ‚Saach‘ war/ass.

Neen Här Paschtouer Mendes, mir brauche keng ‚Spléckerte‘ wéi Iech, fir ‚eise‘ Portugisen ze soen, wéi dat sech mat joerzéngtelaanger Integratioun hei hat an huet; iwwert Är ‚stëppeleg‘ Meenung rëselen déi Allermeescht de Kapp… a mat esou graffe Knëppele fänkt een och an der Oktav keng portugisesch Vullen. Dëse Sonndeg ass dee grousse portugisesche Grupp an der Schlussprëssioun äis ewéi all Joer apaart  sympathesch; de ‚Fatima-Dag‘ zu Wolz ass ewell laang e lëtzebuergesch-portugisescht Integratiounselement… an iwregens ass d’Gottesmamm aus der ‚Cova da Iria‘ ewell zënter 1948 hei eng Integratiounsfigur… déi och Lëtzebuergesch versteet… äre Schreiwert war deemools ‚am Déngscht‘, wéi mir si och op Wolz ‚kritt‘ hatenJ

Här Abbé Mendez, Dir sidd op kengerlee keng Manéier an Ärer Roll, wann Dir an enger offizieller Positioun am Fanatikerfeierche stëppelt; dat weist kloer, datt Dir keen Donst vu Soziopsychologie huet. Dir gitt iwregens deenen Zéngdausende vun ‚Äre‘ Leit eng riicht an d’Gesiicht, déi sech hei integréiert hunn oder erapasse wëllen. Ee Gléck beweist ’Wierklechkeet ewell laang, datt Dir kee Fangerspëtzegefill fir d’Problematik vun der Immigratioun hutt… En éierbare Lëtzebuerger fënnt dat ‚Faarwegt‘ vun ‚eise‘ Portugisen iwregens sympathesch; et weist sech esouguer un deene ville Fassade vun den Haiser, déi dës Famillen hei kaaft a restauréiert hunn…net ze schwätze vun deene sëlleche flotten an intressante jonke Leit, déi eis kleng Gesellschaft an de leschte 50 Joer méi räich gemaach hunn. Si schwätzen zesoen alleguer… Lëtzebuergesch!