Vläicht denkt een alt net esou eeschtlech drun, datt mir hei am Land verschidden Uertschaftsnim ‘dräiduebel‘  hunn. Fir déi da vuneneenzehalen, ass et natierlech wichteg e klenge Bäisaz hannendrun ze hänken. Et wier ower schued, wa jiddereen elo seng perséinlech Fassong dofir hätt… et ass am Fong grad ewéi mat de Schreifweisen am Allgemengen: Jiddereen huet u jidferenger ze maulen an ze meckeren; ower wa mir alleguer eis perséinlech hätten, da giff knapps een deem aneren seng liesen, oder?!

Bei den Uertschaftsnimm, déi duerch e Floss oder en anert Element definéiert ginn, hu mir de Problemchen, datt déi eng fir ‚un‘ an déi aner fir ‚op‘ sinn; bei Weiler hu mir et esouguer mat deem gelungenen ‚zum(Tuerm)‘ ze dinn.

Mir hunn  3mol Ierpeldeng, 3mol Rolleng am Land… a ‚garlabox‘, wann een zu Péiteng vu Lamadeleine schwätzt; dat muss ‚Rolleng‘ heeschen… muss een ower wëssen, gelldir.

Also, do wier da Rolleng bei Miersch, Rolleng bei Péiteng a Rolleng bei B(o)us. Mir hätten Ierpeldeng bei Wolz (wou et ower ‚Eerpeldang‘ heescht), Ierpeldeng bei Bous an Ierpeldeng bei Ettelbréck op der Sauer. E klenge Problem schéngt et beim Schreiwe vun deenen Uertschaften ze ginn: Schreiwe mir et dann elo mat engem ‚Bindestréch‘ alias ‚trait d’union‘, oder solle mir net fir all déi Uertschaften eng ‚uniform‘ Manéier huelen, déi een dann och einfach fir all zesummegesaten Uertschaftsnimm kënnt gebrauchen. Dat wier dee ‚schife‘ Stréch, op Franséisch den ‚trait oblique‘; domat wier déi Bir geschielt… wann net e puer Rabbelkäpp, stur wéi en Ochs, sech op ‚hir‘ Schreifweis giffe verbrueden; esouguer wann eis Sprooch hinne soss op all aner Manéier sch…egal ass!

Esou giff dat ganz einfach: Ierpeldeng/Wolz – Ierpeldeng/Bous – Ierpeldeng/Sauer; dann: Rolleng/Péiteng – Rolleng/Miersch – Rolleng/Bous… mä vläicht ass dat zevill einfach, oder?

Datselwecht hu mir jo och bei Esch/Uelzecht, Esch/Sauer, an zugudderlescht nach bei Weiler/Tuerm… woubäi ze bemierke wier datt dat ‚zum(Tuerm)‘ en däitscht Gesiicht huet, well am Lëtzebuergesche misst et jo am Fong ‚beim(Tuerm)‘ heeschen… mä, wéi gesot, dee léiwe Lokalpatriotismus ass, op d’mannst an Humpegespréicher, net liicht klengzekréien.

Mir hunn äis am CPLL, dem Conseil fir eis Sprooch, eng ganz Hatt voll Sëtzunge mat eise lëtzebuergeschen Uertschaftsnimm ofginn, an do wäert een d’Resultat dann op neie Schoulkaarte vum Land erëmfanne kënnen. Dat guff esou gutt a seriös wéi méiglech gemaach… mä ganz sécher fannen der och do elo nach Hoer an deer Zëppchen; deer buuschteger Kregéiler gëtt et jo bei alles an iwwerall; stellt se ower nëmmen net un, emol selwer eppes ze maachen; do fällt engem dee léiwe Spréchelchen an: Si maachen zwar näischt, ower dat maachen se gutt!

Wou d’Saach dann och elo hierkënnt, datt mir zënter 40 Joer emol endlech d’Lëtzebuerger Uertschaftsnimm op de Schëlter kënne liesen…  dat ass jo och alt net grad vum Himmel gebonzelt. Et giff eng, deelweis lëschteg Abberzuel. Et sinn ower haut kéipweis Leit guer net rosen, datt si ënnert ‚Troine-Hachiville- Urspelt-Tarchamps- Klingelbour- Bonnal-Bigonville- Mondercange asw. och de lëtzebuergesch- gebrauchten Uertschaftsnumm kënne fannen… dee jo, grad wéi eis Flouernimm e laang gestacktent Stéck vun eisem ‚Branding‘ ass….Vläicht ass dat verschiddene Leit ower och ganz egal. Fir op déi nächst ‚Croisièrche‘ brauch een dat jo och knapps, gelldir. Granzgranz.