Bei dëser ‚Schreifweiserei‘ stousse mir op e Problem, deen een net onbedéngt nëmmen Theoretiker/Wëssenschaftler iwwerloosse kann/soll!

Leider huet vun zesoen alleguer deenen, déi sech ëmm d’Korrektheet vun eiser Orthographie bekëmmere sollen/mussen, knapps een en Donst vun deem, wat an de Käpp vu Kanner an och méi grousse Kanner dréint, wa mir hinne d’Liesen an d’Schreiwe solle bäibréngen: Och dat ass eng Wëssenschaft; mä déi huet méi mat pädagogeschem Fangerspëtzegefill, esouguer mat ‚Empathie‘ ze dinn, wéi mat sturer/dréchener Theorie.

Wa mir eis Kanner op däitsch ‚alphabetiséieren‘ – und das ist aus mehererlei Ursachen nicht so schlecht! – da stoussen sie natierlech op déi däitsch Wierder mat engem ‚Dehnungs-H‘; deen een net héiert: Weihnachten, Bahre, Wehen, dehnen, führen, fahren, Sehne, wehren, zehren, wahr, zahm, nehmen, a maandelweis deer Ausdréck. Et ass kloererweis fir déi kleng Käppercher net esou afeg, dat an hire ‚Gehier-APen‘ ze späicheren; vill hunn der laang a vläicht fir ëmmer dorun ze knaen…leider och, well si dem Verhalt vun hiren Aen och knapps eng Chance ginn. Dofir ass den Intressen um Liesen eng vun den Haaptsaache fir net nëmmen eng Sprooch selwer, mä ganz natierlech och hir Orthographie ze ‚späicheren‘. Dat gëllt fir jidfer Sprooch, apaart fir déi, déi Zéngdausende vu Wierder mat kéipweis Bustawen hunn, déi zwar geschriwweno ower netz e héiere sinn; denkt nëmmen un d’Franséischt an dann och un déi koppegst Schreifweis, déi mir heirëmmer kennen: d’Englescht…mat deem ee vun senge genialste Vertrieder, den G.B.Shaw den Uz gemaach huet, wéi mir et net méi ‚onmanéierlech‘ dreiwe kënnten.

Iwwer dat ‚Gegrimmels‘ kënnt een elo nach teimerweis Säite verléieren…eent bleift ower 100% richteg a wichteg: Liesen, liesen,liesen,liesen; da späichert den ‚normalen Täti‘ all Schreifweis; deen ‚Handy‘ ass an engem Stéck amgaang ‚Biller‘ ze maachen…a Bustawe sinn nun emol ‚Biller‘, esouguer ganz Wierder a Wuertgruppe sinn/ginn ëmmer ‚Biller‘(Piktogrammen). Och déi Bustawen, déi een net héiert…wéi nun emol am Däitschen dee ‚Stëmmche vun ‚H‘, oder déi Onmass vun deene ‚Biller‘, déi een am Franséischen net héiert…ower muss schreiwen!

Da kéime mir ë.a. op dee Fall hei uewen an der Iwerschrëft. Wa mir en däitscht, e franséischt oder och nach en englescht Wuert hunn, dathoergenee wéi an der Originalsprooch ausgeschwat gëtt, da solle mir dat am Lëtzebuergeschen och esou schreiwe wéi an dëser Sprooch…soss maache mir d’Kanner ‚wibbelbänzeg/äppeldänzeg/rëlles/geckeg‘; an net nëmmen d’Kanner! Et kënnt nach dobäi, datt mir äis dat duerch eis Schoulsprooche jo kënne ‚leeschten‘.  Beim Wuert ‚WAHLEN‘ ass dëst klor an däitlech de Fall; beim Verb ‚wielen‘ net…do also ouni den ‚h‘.  Datselwecht gëllt dann z.B. fir d’Verb ‚FEHLEN‘, wou den duebelen ‚ee‘ eng pädagogesch Hiermiddegkeet ass a bleift. Eng Schreifweis bäibréngen ass nun emol keng Saach fir Leit, déi nëmme wëlle ‚wëssenschaftlech‘ argumentéieren a keen Donst vun ‚eppes bäibréngen‘, also Pädagogik hunn. Mir sollen Diplomer net mat Talent verwiesselen! Beim Rodange heeschen se och alt emol ‚Diplëmmchen‘. D’Praxis ass den Drot (steet och am Reenert).

Loosst mer net vergiessen, datt de Brecht näischt vu ‚Mutter Kuraje‘ geschriwwen huet, an datt eng däitsch ‚Schangsse‘ nach ëmmer ‚chance‘ bleift a ‚Boulevard‘ nun emol net ‚Bullwar‘ gëtt; Spaghetti gëtt jo och alt keng ‚Schpagätti‘ an e Computer kuckt och als ‚Kompiuter‘ domm an d’Welt.

Bei de WAHLEN heescht et gelungenerweis haut ‚wielen‘ aplaz ‚stëmme’goen. Kannergottes, wat si mir der ower, gelldir. Grinsgrins.