Dat heescht natierlech ‚bei de Leit‘ guer net esou, well déi soen ‚op der Huuscht/ Uecht/ Oacht‘. Zu Wolz heescht et ‚an der Huuscht‘, an déi schéi Grande-Duchesse Charlotte-Strooss ass nach haut bei jidfer Weelzer den ‚Huuschtewee‘ > d’Huuscht ass eng Strooss, déi westlech aus Uewerwolz eraus dohinner féiert, wou et viru ronn 74 Joer ongeheier gekraacht huet an d’Amerikaner wéi d’Preise schrecklech Verloschter bei hiren Zaldoten haten… net ëmsoss fanne mir jo dann och an deer Géigend, méi erop beim ‚Geheelach‘ no beim ‚Schumannseck‘ (net ‚Geheiloch‘!), dat klengt Monument fir un déi Offensiv-Katastroph vun deemools ze denken/erënneren. Mat ‚Huuscht‘ hu mir dann och op zwou Manéieren en intressant Beispill (et giffen der Dausenden!), fir mol erëm iwwer eise Kadaster an déi vill Flouernimm ze schwätzen… vun deenen der jo vill ë.a. duerch ‚Zoubetonéieren‘ iwwerall an direkter Gefor sinn! Wie bekëmmert sech dorëm?

Am Däitsche gëtt et dee bekannten Ausdrock ‚in Acht und Bann schlagen‘; dat wollt soen, datt e ‚Stiichtert‘ aus der Uertschaft verjot, erausgehäit, guff. Déi ‚Acht‘ gëtt/guff et ower ni esou hei am Sproochgebrauch , och ëm 1820, wou déi éischt Kadasterpläng vum fuschneie ‚Grand-Duché gemaach si ginn. Aus eiser Geschicht wësse mir, datt dem Oranier-Klatzkapp Wëllem I seng Regierung ower keng stacklëtzebuergesch war; hei hunn ‚Hessen‘ un den Hiewele gesiess! Déi haten natierlech hirer Beamte matbruecht, well et jo och knapps genuch Lëtzebuerger ginn hätt, fir déi nei an zimlech kriddeleg adminstrativ Aarbechten ze maachen. Et wier iwregens och genuch a laang driwwer ze verzielen, wéi déi sech dann hei ‚opgeféiert‘ hunn. Ee bekannte Saz ass do hänke bliwwen: Hassenpflug und Stifft, die haben das ganze Land vergift(et)! …et kënnt ee soen, dat wier och fir eis Flouernimm de Fall gewiescht. D’Gëft sëtzt iwregens nach ëmmer dran! Wéi? Dann hei:

An enger laanger Flaatsch Notaire-Annonce fir eng Stee, fanne mir dëser Deeg „auf dem Berg; im Berg; auf Zehntergarbe; in der Rotschleid; in der Deischelt; auf der Houscht; im Meisloch; in der Klenk; auf Kalemder, auf dem jähen Berg… alles Nimm, déi kee Mënsch an deer Uertschaft gebraucht, wou déi ‚Stécker‘ dann elo verkaaft solle ginn! Dobäi guffen déi krommenoleg Nimm vru Joere mam Éierendirekter Patrice Schonckert(†) fir d’ganzt Land ‚riichtgebéit‘, ronn 40 000; eng Aarbecht vu 4 Joer!

Natierlech huet keen dem Notariat an säi Fach ze schwätzen…ausser dem ‚Législateur‘, eiser Chamber. D’Form an d’Modalitéite vun den Akten  hunn ower ee Chef: d’Gesetz! Dat misst hei kloer bestëmmen, datt déi Saach mat den authentesche Flouernimm an den Akten dat ‚Gesiicht‘ sollen hunn, dat de Bierger gemenkerhand kennt…an dat ass z.B. net ‚Kotzwise‘ fir eng ‚Kouswiss‘! Ëmsou méi, well eis Kadasterverwaltung déi komplett numeriséiert Lëscht vun alle Flouernimm aus dem Land an hire ‚Maschinnen‘ huet.

D’Fro stellt sech natierlech, ob een dann do net mam ‚gudde Wëll‘ vun de ‚Maîtres Notaires‘ soll kënne rechnen. Ganz kloer jo! Ower wéi grouss ass déi Guttheet dann? Loossen déi Notabilitéiten sech all an hirt ‚Handwierk‘ schwätzen? Oder wier et vläicht net méi einfach, wann de Legislateur déi Saach mat de Flouernimm däitlech an dat Gesetz giff stellen, dat jo elo ‚an der Maach‘ ass. Nach eng Kéier kloer an dätlech: D’Material ass am Kadaster ze kréien!