Natierlech ass et intressant, vläicht esouguer zimlech ‘lëschteg’, fir eng Collectioun däitsch Sätz zesummenmzestellen, déi dann op Lëtzebuergesch an deene verschidene Géigende vun eisem Land sollen iwwersat ginn. ‘Intressant/lëschteg’ ? Dat heescht net onbedéngt, datt esou eng Saach eiser Sprooch selwer eppes bréngt ; et sief, et kristalliséiert sech aus deer Initiativ eraus, wat dann am Duerchschnëtt elo dat ‚Mëttellëtzebuergesch sollt kënne sinn. Am däitschen a franséische Sproochraum kann ee sech op déi Dausende vun Zeitungssäiten an déi Dosende vun TV-Sendere stäipen, fir vun engem sougenannte ‚Houdäitsch‘ oder klasseschem Franséisch ze schwätzen. Déi Geleeënheet hu mir fir d’Lëtzebuergescht nun emol net; do wou mir e Wutz dëser Chance hätten, gëtt et ‚egal wat‘!

Dobäi kënnt dann och nach en Element, dat mir op déi Manéier net esou an anere Sprooche kennen: de Lokalfanatismus! Duerch dee mengt jo den Dësen an Deen, ‚säi‘ Lëtzebuergescht wier d’Gëlleguetskand vun eiser Sprooch…dofir leeft een dann z.B. zu Wolz/Veianen/Maacher/Iechternach asw. op e Stack; dem Erhalen oder Weiderkomme vum Lëtzebuergesche bréngt dat rosewéineg, well dat kann sech nëmmen ‚duerch d’Mëtt‘ behaapten, net wann eis Boomche ‚gestuarwen ass an d’Lekt de Rusekranz biädden‘…och wann dat nach esou sympathesch gemengt ass.

Wat ass dann elo dat ‚richtegt‘ Lëtzebuergescht? Mä dat fanne mir ewell zimlech zolitt beim Dicks, deelweis beim Lentz; fir de Rodange net onbedéngt am ‚Reenert‘, mä a sengem ‚Léiweckerchen‘; da beim Batty Weber, dem Nic.Welter, dem Marcel Reuland, dem Pier Kremer, dem Pol Pütz, dem Pol Greisch, dem Roger Manderscheid asw. Ärem Schreiwert säi Lëtzebuergescht geet ganz bewosst ‚duerch d’Mëtt‘, och wann hien zu Woolz sengt Weelzer schwätzt, a sengem (zimlech) laange Liwen ower am ganz Land doheem war a sprooch-kënneg ginn ass.

Et ass mat de Sproochen, also och bei eiser, e bësse wéi bei deer zimlech strenger Wëssenschaft vun de Wopen: do gëtt et keen halleft, ganzt oder donkel/hellblo, also keng ‚Faarfträppleken an Ofstufungen ‘, mä nëmme ‚blo‘, basta; datselwecht fënnt ee fir déi rout Faarf (de gueule), kee ‚rosarout‘ a keen ‚orangerout‘ asw. Am Fong kënnt et och esou fir d’Sprooche geduecht sinn. Den Thomas Mann, de Martin Walser, de Günter Grass, de Böll an den Sloterdijk kommen alleguer aus ganz verschiddene Géigende vun Däitschland; si schreiwen ower souzesoen datselwecht Däitsch. Beim Albert Camus fannt dir net eraus, datt hie praktesch e ‚Südlänner‘ ass, a säi Franséisch steet um nämlechte Qualitéits-Stack wéi dem François Mauriac oder dem Jean d’Ormesson säint, och wann si aus ganz verschiddene Géigende kommen.

Näischt géint dat ‚Dauler‘, dat Cliärwer, dat Beeforter oder Bettenduerfer…mä sproochlech gekuckt sinn dat alles just sympathesch-intressant ‚Varianten‘; déi eventuell Klatzkäppegkeet vun hire ‚Spriecher‘, kann ower eng Brems fir d’allgemengt Erhalen oder Weiderkomme vum Lëtzebuergesche als d’Sprooch vum Land sinn.

Deemno ass déi intressant nei Sproochvarianten-Initiativ   vun eser UNI.LU e flott Experiment fir wëssenschaftlech un d’Lëtzebuergescht erunzegoen. Dem Kär vun der Problematik bréngt et ower knapps eppes. Mir perséinlech kënnt et vir, wéi een deen an engem Stéck mat bläien Zaldote spillt, fir eng Kéier e gudde Militär a Strateg ze ginn.

Wéi giff et an deem Streech ausgesin, wann sech emol zerguttst mam ‚soziopädagogeschen‘ Deel vum Lëtzebuergeschen als ‚Entwécklungsidiom‘ beschäftegt giff ginn?