Esou hätt ee bal kënne soen, wéi d’Resultater iwwer d’Lëtzebuergesch an deer leschter Ëmfro, dem Sondage vun eiser (eenzeger!) ‚boîte‘ gelies hunn ,déi bei ‚Jänni a Männi‘ urifft, fir dann duerno e Prozent-Resultat erauszeginn. Dajee alt…e gutt ‚Geschäft‘.

Et ass net afeg, ze duerchkucken (tranparent!), wéi dat esou bei deer Saach leeft; déi sougenannt ‚Representativitéit‘ schéngt do keng apaart Roll ze spillen,an et wonnert een sech ëmmer erëm, wéi dës ‚Sondage‘-Gesellschaften sech no enger fatzeger bei de Läffelen ëmmer erëm kleng maachen, net méi sënnerlech vun sech héiere loossen, bis…de Verhalt vum Publikum sech verduft huet. ‚Aus den Augen, aus dem Sinn‘.

Huelt dach emol déi grouss Ëmfro virum leschte Referendum iwwer déi 3 Froen, déi d’Regierung de Leit virun 2 Joer gestallt hat. Do guff mat Positiv-Resultater duerch d’Land flankéiert, datt et wierklech eng Freed war; et sollt jo deemno alles ‚JO‘ sinn/ginn. Mir wësse wéi d’Saach ausgaang ass. Mir verstin deemno och, wat een op déi (deier berappte) Froerei vu virdru soll ginn. D’Spezialiste vum ‚Sondage‘ longen net nëmme laanscht all Dill, mä souguer am ‚Klatzentrach‘, wéi dat op der Keelebunn heescht. Mol kucken, wéi dat sech de 14. Oktober wäert hunn. D’politesch Luucht hänkt nach ëmmer voller Stäeren a Bimmelchen; d’Kandidate laachen äis all breet vun engengem Ouer bei d’anert. Gutt!

Wat d’Ëmfro iwwer de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen ugeet, do kënnt eis Sprooch jo an der grousser Sondage-Initiative esou gutt ewech, datt een sech d’Guckelcher bal muss reiwen. Eis Sprooch schéngt do ukomm ze sinn, wou mir jo zënter 50 Joer dru schaffen…ower stëmmt dat och esou? Virun 1968 war just e (gudden) Dictionnaire fäerdeg ginn; et sinn alt emol kleng Bichercher mat schéine Gedichter erauskomm…ower wéivill Leit hunn sech dofir intresséiert? Wéivill hunn esou eppes kaaft, a wéivill hunn der e Buch op Lëtzebuergesch gelies; et waren zesoen nëmme Gedichter dran, gudder a manner dichteger; wa mir vun 2% ausginn, dann ass dat bestëmmt ewell héich gegraff!

Wou war eis Sprooch dann an der PRAXIS? Wéivill huet d’Wëssenschaft dem Lëtzebuergeschen  bruecht? Wou war/bluf den Intressen un deer Sprooch, mat der ‚eis Mamm äis an d’Liewen eragekësst‘ sollt hunn(Michel Lentz)? Wéivill hunn der nach drop gehal, d‘Erënnerung  un den Nazien hir ‚Personenstandsaufnahme‘ vum 10.Oktober 1941 an der Riicht ze halen? Wéi war et an der Schoul/Kierch domat? Kéipweis Froen, op déi mir probéiert hunn, an de lescht ronn 50 Joer eng Äntwert zefannen an ze ginn!

D’Lëtzebuergescht soll jo dann op engem zimlech héigen Träpplek an eiser Sprooch-e-landschaft stoen; dat méich/mécht Freed a geet kilometerwäit laanscht déi grangeleg Negativ-Prognose vun en etleche ‚Spezialisten‘.

Mir stelle fest, datt eis ‚Publikumsaarbecht‘ eppes gedéngt huet…op jidfer Fall ‚net näischt‘. Mir respektéieren natierlech all wëssenschaftlech Aarbecht an d’Literatur am Lëtzebuergeschen…bleiwen ower och mat der allgemenger PRAXIS um Dill, an do spillt jo eng Saach mat, vun deer viru 25 Joer nach kee vun äis gedreemt hätt: d’elektronesch Sproochmedien. Ok, d’Qualitéit léisst nach e sëlleche Wënsch op; mä dat (neit) Element ass einfach net méi ze iwwersinn…a just hei hu mir et mat engem Haapstéck vun der Problematik ze dinn: der ganz breeder schrëftlecher‚Visibilitéit‘ vum Lëtzebuergeschen DOBAUSSEN, net nëmmen ënnert der Glasklack vum Wëssenschaftlechen an der Literatur! Do ass dach och vläicht emol eng grouss a méi ‚detailléiert‘  Ëmfro fälleg. Oder net?