« Dat wor e schéinen Owend » heescht et an deem genëssege Lidd vum Greg Denis, deen eng immens Oder fir Lidder an Texter hat, déi engem wéi e Wiermchen an den Ouere bleiwen, wann een se a flotter Gesellschaft emol konnt mat schmutteren.

Dee sympatheschen, talentéierten a fläissege Claude D. Conter, Fachmann an Direkter vum Literatur-Archiv zu Miersch hat mech vrun engem gudde Joer gefrot, fir a ‚sengem‘ Institut e Liesowend ze maachen. Ech hat him gesot, datt et vläicht op de Ponkt geng kommen, wann dat e Joer méi spéit fir meng – leider ewell – 85 Joer kënnt de Fall sinn. Esou ass et dann och komm; den Här Conter hat dann och nach 2 brillant Iddie fir déi Geleeënheet: Dat Ganzt an d‘Form vun engem Interview ze ‚diebelen‘ an dann eisen ‚Nationalkarrikaturist‘ Carlo Schneider dobäi anzesetzen. Dat ass geroden! Wéi et schéngt waren déi vill Leit am Konferenzsall vum ‚Servais-Haus‘ net nëmmen zefridden, mä och nawell zimlech begeeschtert…wat äre Sproochmates och…begeeschtert. Dat deet gutt, an et hält souzesoe ‚bäi‘.

Datt mäi perséinleche Feierdag och nach grad an déi rout-wäiss-blo Deeg vun eisem Nationaldag fält an de Summer äis kalennerméisseg mat der Händchen hëlt, kann och en ‚eelere Mossiö‘ an eng kleng ‚Euphorie‘ era setzen, déi ech ganz éierlech gär mat menge Frënn a gudde Bekannten deelen. Mir huet et appart guttgedoen, datt den Här Éierestaatsminister Jacques Santer bei äis war; hien ass mäi respektéierte Chef gewiescht a bleift mäi Frënd. Ënnert deene sougenannte ‚Prominenten‘ ass och den Éierpresident vum Iewescht Geriicht, Paul Kayser gewiescht, de President Claude Bache vun der Actioun-Lëtzebuergesch an den Haaptmann vum CPLL (Conseil vun der Lëtzebuerger Sprooch). Déi fréier Direktesch vum ANL, d’Madame Germaine Goetzinger hat sech (vrun allem mir) d‘Éier ginn. Et huet mir och besonnesch Freed gemaach, datt Schreiwer-Kollege wéi de Jemp Hoscheit an de Mars Klein komm an zimlech begeeschtert waren. Den Armand Wagener huet d’Amicale vun den ‚Anciens Enseignants‘ vum Escher Lycée Technique vertratt. Mech selwer huet et natierlech gefreet, mä och eng Grimmel verwonnert, datt esouvill Leit fir deen dach zimlech knaddereg-saierzege ‚Sproochzaldot‘ op Miersch komm waren; et kann ee jo an deer ‚Fonctioun‘ natierlech laang net jidferengem säi Gëlleguetskand sinn, gelldir.

Deen Owend war dann och –wat en Zoufall! – nach iwergendwéi am Kader vun deer Kréinung fir eis Sprooch an der Verfassung ënnerwee. Endlech si mir elo sécher, datt d’Lëtzebuergescht am Artikel 4. vun deer aktualiséierter Constitutioun, zesumme mat eisem Fändel an dem Nationallidd bei den ‚emblêmes nationaux‘ festverankert gëtt. De Minister Robert Krieps huet emol gesot, et soll ee Guddes maachen…und sage es jedermann!Abee dann hei: Dat Ënnerscheeds-Blo vum Lëtzebuerger Fändel hunn ech zu Bréissel mam Kolleg Paul Cerf duerchgeboxt an der Regierung et ‚verkaaft‘; eist Nationallidd hunn ech, flankéiert vun den Iwwersetzungen an den EU-Sproochen, dem Här Santer fir an e Gesetz an de ‚Jilli‘ gestach; fir eis Sprooch an d’Legislatioun ze kréien, war ech 1983/84 glécklecherweis ganz no beim Här Werner am Staatsministère, an dir wësst jo: wann een ee kennt,deen ee kennt,deen ee kennt…Dem Här Krieps soen ech iwwer d’Graf eraus nach merci fir seng couragéiert Meenung!

Merci soen ech ower och all deenen, déi an de lescht 50 Joer net lassgelooss hunn, fir eiser Sprooch déi Plaz ze verschafen, op déi mir haut…e bëssen houfreg kënne sinn.