Et kënnt net dacks vir, datt déi 60 Deputéierten sech eestëmmeg hannert e Gesetz stellen ;  fir eis Sprooch war et dann ower elo de Fall. Egal wéi een et kuckt oder kommentéiert,a vläicht och mat de Stëmmziedele vum 14. Oktober awéckelt: Méi kloer kann d’Lëtzebuergescht mat senger Sproochsituatioun seng Roll als Element vun eiser Eegenart a Souveräintéit net kréien! Et schéngt jo och, datt d’Lëtzebuergescht an eis Sproochsituatioun hir definitiv Plaz am Artikel 4 vun eiser Constitutioun solle kréien… dat hätte mir äis vru 50 Joer net an de kéngsten Dreem kënne virstellen. Wat dat alles heescht, kann een ower am Fong nëmme matkréien, wann een sech d’Situatioun vun eiser Sprooch esou uganks de 70er Joere bedenkt. Deemools war déi dichteg a wichteg Commissioun vum ‚Institut gand-ducal‘ mam ‚Wörterbuch‘ fäerdeg; et huet ower knapps een ‚dobaussen‘ eppes dovu matkritt, well déi gutt Leit praktesch hermetesch hannert zouenen Dieren a wéi ënnert enger Glasklack geschafft hunn. Den Dictionnaire selwer guff stéckelchersweis a sougenannte ‚fascicules‘ publizéiert, an zwar iwwer ronn 20 Joer eraus; dorop konnte ee sech dann abonnéieren... ower an der Praxis hätt dat jo geheescht, datt d’Abonnenten hir dënn Heftercher hätte misse sammelen, fir se herno bannen ze loossen. Maja, nixdegibbi! Stellt iech dat emol op eng Period vun 20 Joer vir; ONMÉIGLECH! Et war ower esou, a wéi den Dictionnaire da ‘fäerdeg’ war, ass en och a 4 Bänn gedréckt ginn, dann nach mat engem 5.Band hannendrun. Et guff eng Oplo vun 2000 Stéck… mä och no zwee Joer waren nach keng 10% dovu verkaaft! Déi intelligent a fläisseg (ommelzeg) Dictionnaire-Leit hate leider keen Donst, ower och kee Gespier, vun deem, wat mir haut ‚marketing‘ nennen. D’Wörterbuch huet brooch geleeën… bis äre Schreiwert et als ‚Reklamm‘ mat a seng Emissiéinchen ‚Een Ament fir eis Sprooch‘ mat eragezunn huet, an, wéi e Wonnerchen: Den Dictionnaire war bannent e puer Méint verkaaft! Vrun allem wéinst dem Virwëtz, wat dat dann elo wier. An dunn? Näischt méi!

Natierlech hate mir déi Zäit en etlech gutt Dichter/Schrëftsteller, ower nach eng Kéier: Wéivill Leit sinn dann normalerweis un deem méi ‚gehuewenen‘ Deel, der Literatur intresséiert? Wéivill hunn der e Bichelche kaaft… a gelies? Keng 5%! Et kann een sech bal net virstellen, datt eigentlech keen doru geduecht huet, datt een de Lëtzebuerger eis Sprooch emol op deenen einfachste Plazen am Fong ‚drëpseweis‘ misst an d’Gickelcher ginn; do, wou jidderee souzesoen drop ‚trëllt‘: An de Familljenannoncen; bei Veräinsschreiwereien a Plakaten; op Postkaarten; den Uertschafts a Stroosseschëlter; an der Kierch an emol erëm eng Grëtz an der Schoul... dat alles an nach villes méi guff et einfach net! Et léiss sech säiteweis hei verzielen, wéi dann dat Ganzt sech, am duebele Sënn vum Ausdrock ‚gemaach‘ huet. D’Lëtzebuergescht ass nun emol keng grouss Presse-Sprooch wéi aner Idiomen hei ronderëm; also mussen aner ‚Methode‘ probéiert a systematesch erbäigeholl ginn. Dat hu mir gemaach; dat kann een deem neie ‚Commissaire‘ fir eis Sprooch och nëmme frëndlech mat op de Wee ginn!

Mat deem neie Gesetz kritt d’Lëtzebuergescht – ower ouni ze iwwerdreiwen – déi  bekannt ‚Siebenmeilenstiefel‘ un, déi mir aus dem beléifte Mäerche kennen… net nëmme fir ‚wëssenschaftlech‘ duerch déi Landschaft ze meteren, mä ferm mat de Féiss um Buedem… an ouni all Fanatismus!