Sprooch-Filter!
Op eng flott a wëssenschaftlech Fassong sinn d’Leit vum ‘Luxembourg Center’ op eiser UNI.LU amgaang d’Verschiddenheete vum Lëtzebuergeschen an alle Géigende vum Land ‘erauszekëddelen’. Si maachen dat mat enger spezieller ‘AP’, wou déi Intresséiert hir Sprooch-Iwwersetzungs-Fassong vun engem typeschen däitsche Saz oder engem einfache Bild notéieren an eraschécke sollen. Op Däitsch kënnt ee soen: ? Die Elektronik feiert fröhliche Urständ‘. Déi Fassong war an der Zäit, wéi fir eisen offiziellen Dictionnaire („Wörterbuch“) zesummegelammelt guff, nach eng ‚Heedenaarbecht‘ iwwer ëmständlech Post-Korrespondenz vun ausgewielte ‚Vertrauensleit‘. „Wéi d’Zäit vergeet!“, huet dem gudde Ger Schlechter seng genësseg Emissioun geheescht, déi hie mam sympathesche Jeanine Theisen um UKW/Kanal 18 bruecht huet; déi hat ower näischt Apaartes mam Dictionnaire ze din.
Méi spéit huet sech e jonke Lëtzebuerger mat enger ‚Erhebung‘ ofginn, vun deem eng immens Carrière ze erwaarde gewiescht ass: de Professer Dr. Nico Weber, deen äis leider schrecklech fréi vun enger onbarmhäerzeger Krankheet souzesoe ‚gestuel‘ guff. Den Här Weber hat sech hannert Sproochanalyse vun allen Auteure vun senger Zäit ofginn, fir d’Mëtt vum Lëtzebuergesche bei méiglechst all Schreiwerten erauszefilteren… iwregens déi eenzeg richteg Fassong, well déi op d’Manéier erauskënnt, déi mir fir Houdäitsch oder ‚Schoulfranséisch‘ kennen… an och net onproblematesch war. Datt haut Wierder/Ausdréck an de LOD-Dictionnaire ‚gepusht/geboost‘ ginn, déi e puermol FALSCH um Radio oder der TV vu Leit gebraucht ginn/guffen, déi sproochlech absolutt gréng hannert den Ouere sinn, ass eng bedauerlech Aremséilegkeet. Leider ass bis elo net bekannt, ob dem Professer Weber seng Aarbecht iergendwou/iergendwéi weidergeféiert guff/gëtt. Iwregens ass et falsch, ze mengen, de LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) wier ewell eng offiziell Referenz fir eis Sprooch; dat ass hien nun emol (nach) net!
Déi ‚Collectioun‘, déi dann elo mat vill Fläiss, Kënnen an esouguer Äifer op der UNIlu gemaach gëtt, ass intressant folkloristesch; méi ower och net, wat d’Erhalten a Weiderkomme vum Lëtzebuergeschen als SPROOCH VUM LAND ugeet. Op Däitsch giff een hei vun enger ‚Zerfaserung‘ schwätzen, déi engem ‚Duerchschnëtts-Lëtzebuergeschen‘ eng Zort Kräsi, Splitter a Weck op säi Wee rëselt. Dat Allerbescht wier, wann een aus deer ‚Sammlung‘ giff prozentméisseg ‚majoritär, erausfilteren, wéi et sech mat enger Partie Wierder huet, déi op x-Manéieren am Gebrauch sinn: d’Wuert-Manéier, déi deen héichste Prozentsaz krit, wier dann am Fong an en zerguttsterten Dictionnaire festzeschreiwen…esou wéi dat iwregens am Däitschen/Franséischen de Fall ass. Do fanne mir am Duden/Larousse dach och net allméiglech regional oder esouguer lokal ‚Varianten‘ aus deene Sproochen! Beispiller: eis/ons/éis/is – huet/hoat/hatt – haut/hakt/hokt/hett/hott – muer/mar/moren/margen…..
Wéi wier et, wa mir am Sënn vun deene Sub- subsub-Dialektercher eise bekannste Schreiwerte vun de leschten 80 Joer hir Schreifsprooch emol éierbar ‚op de Leescht‘ giffen huelen? Do giff sech eng ‚Moyenne‘ erausfiltere loossen, déi mir da mat guddem ‚Gewëssen‘ als eist ‚Standard-Lëtzebuer-gesch‘ kucke kënnten. Dat wier jo och déi logesch Manéier fir un déi Aarbecht ze hänken, déi elo op der UNIlu amgaang ass; et kënnt dann och dee richtege Fong fir an en iwwerschaffte LOD sinn, wou fir den Ament en etlech guttgemengt, mä falsch Saachen an eng prima Initiativ erarutschen, well déi Leit sinn zwar brav Schafferten, ower leider keng Spezialiste vum Lëtzebuergeschen. Näischt fir ongutt; mä eis Sprooch huet Verschiddenes/ Vertsänneges verdéngt… aner Saachen nun emol net.