Dat kritt een dacks gesot, wann et sech ëm Wierder/Ausdréck handelt, deenen een net op all Stroosseneck begéint; och net ‚bei der Mamm‘ héieren huet. Mä wéi grouss war hire ‚Vocabulaire‘ dann?

Dir kënnt iech vläicht virstellen, datt méi ewéi een nach ni eppes vu ‚Kéil‘ matkritt huet. Dat huet ower seng Ursaach: Wann doheem kee Gaart hannert dem Haus war, natierlech och keng Kautsch, da guff och kee Porette-Som do gebraucht. An enger Kautsch geet dee geséinte Som ower op, an et komme spizeg Spëtzte luussen; déi zevill sinn, ginn erausgrappt (geläitert), a wat wiisst, gi gréng Stängelcher; déi ginn dann e bësse gekëppt (ofgeschnidden) an eenzel an en normale Buedem wieder gestach (repickéiert), wou si sech dann zu enger giedeleger Porett entwéckelen. Am Franséische gëtt aus de Kéil ‚plants‘; op däitsch heeschen déi Dénger ‚Setzlinge‘. ‚Kéil‘ ass also kee ‚vereelztent‘ Wuert; et lieft nun emol de ‚modernen Ëmstänn no, bal net méi ‚privat‘, mä all Gäertner um Maart gëtt iech dat Richtegt, wann dir no Kabes-/Zelleris-/ Brockelchers- oder Kolrabe-Kéil frot.

Dëst ass deer ‚klassescher‘ Fäll een, wou gemengt gëtt, dat wier e Wuert fir an de Musée. Deer hu mir maandelweis(?), well se nun emol méi rar gebraucht ginn…a mir leider ganz séier do sinn, fir muttwëlles e franséscht an nach vill méi dacks en Däitscht Wuert dofir ze huelen.

Et ass eng zimlech bëlleg Ausried, ze soen, et giff ee Wuert einfach net ginn…welle een et nach ni héieren oder gebraucht huet; dacks kënnt dann och nach :“Meng Mamm huet ni esou gesot“…wat am Fong eng schaufel(?) Fassong ass. D’Mamm ass dach keen Dictionnaire-Spezialist! Souwisou léiert ee jo net nëmmen doheem schwätzen; iwwerleet emol, wou mir eis Sprooch iwwerall ‚geraf‘ hunn. Déi nei ‚Vokabelen‘ hu mir am Lëtzebuergeschen zesoe guer net aus de ‚Bicher‘ oder der Press, mä aus eiser natierlecher Ëmwelt; eis Sprooch ass nun emol (nach) net esouwäit, datt engem all gudde  Broutdag  Wierder kënnten entgéintkommen, déi een nach ni am Gebrauch hat. Dofir ass dat ‚Netwëssen‘ am Lëtzebuergeschen eng ganz aner ‚Gei‘ wéi an de grousse Schreif-Sproochen. Wien et ower éierlech mengt, dee misst sech emol lëtzebuergesch Text vun esou ongeféier nom Krich (1945) bis haut ‚eranzéien‘…oder, z.B. fir de Beruffsgebrauch (Radio, TV) dran eraschaffen. Firwat gëtt et iwregens keng Stage-Zäit fir Leit, déi onbedéngt wëllen op e Mikro lassgoen?  Dat hu mir dach beim Staat fir jidfer Fonctioun. Ower da misst – hallo neit Gesetz! – och eng Méiglechkeet entstoen, fir datt esou e Sprooch-Stage kënnt gemaach ginn.

Do wieren emol 2 Saachen direkt an de Programm ze setzen: 1)Eng Lëscht vu Bicher an Texter vun Auteuren, déi en unerkannt ‚zerguttstert‘ Lëtzebuergesch publizéiert hunn an nach haut schreiwen; 2) kuerz Exercicen, wou een aus dem Däitschen, dem Franséischen an evtl. dem Engleschen säi Lëtzebuergescht misst ‚ertstëmpen (?) a schläifen‘. Ganz kloer schéngt dat mir ower net onbedéngt direkt eng Saach vun ‚akademescher‘ Uluecht ze sinn. Mir hunn eng Sproocheschoul, wou déi ‚Stagiairen‘ deen néidege Lëtzebuergesch-Rucksak kënnte fëllen, den INL!

Well den Afloss vun den ‚elektronesche‘ Medien esou immens grouss ass, ka knapps ee soen, dat wier eng ‚hiermiddeg‘ Propos(itioun).

Vläicht giffen d‘Leit dann och matkréien, wat, ausser de ‚Kéil‘, këppen, Midderchen, schaufel, Schmecksert, gëmmeren, schléi asw. da wierklech heeschtJ

Näischt fir ongutt!