Et guff a gëtt nach ëmmer deer Wiertschaften, wou grouss virdrop steet, do wier et ‘BEIM Jang’ , ‘BEIM Gréidi’ oder ‚BEIM Anna‘. Op déiselwecht Fassong wier et jo dann och net dolaanscht, wa giff gesot ginn, dir gengt Kaffiskichelcher ‚VUM Lea‘, ‚VUM vum Fischer/Schneekert‘ oder VUM Ferdy‘ ze kafe kréien. Firwat dat elo soll ‚BY ‚ dësem oder deem sinn, dat ass deer Froen eng, firwat gemengt gëtt, d’Englescht geng ‚besser maachen‘. Déi Uluecht ass natierlech Famill mat deer ganzer ‚Englescherei‘, déi net nëmmen äis sproochlech iwwerschwämmt.

Datselwescht kenne mir aus dem Italiéinesche: ‚Pizzeria da Mario‘, ‚Ristorante del Giorno‘, a wat et dees op Italiéinesch oder Portugisesch nach esou gëtt…ower do hu mir et dann och mat authenteschem, genëssegem Kascht aus deene Länner ze dinn. Am Lëtzebuergesche kommen déi Verdruddelereien vun hei uewen ee vir wéi ‚de Suedel op der Kou‘.

Mir hunn nun emol leider e klenge Komplex, wann et drëm geet, eis Sprooch ze weisen. Iwwerleet dach emol déi ‚geblummelegt‘ Nimm fir ‚Namminammsbutteker‘ déi een z.B. an Däitschland fënnt: ‚Zum blauen Hirsch‘, ‚ Beim Goldenen Löwen‘, ‚ Im Saumagen‘ asw. Do kann ee sech vläicht plazeweis schudderen, ower et ass net esou langweileg wéi dee ‚Café du Commerce‘, de Café des Sports‘ , Café de la Place‘, déi een esou genial a bal jidfer Uertschaft  begéint. Et wier net vu Muttwëll, wann déi äerdeg HORESCA bei der Grëndung oder dem Iwwerhuele vun engem Etablissement eng Hand giff mat upaken; mir hëlefe ganz gär, wa mir sollte gebraucht ginn.

Um selwechte Plang läit natierlech och d’Sprooch op enger Menüskaart an eise Restauranten. Firwat gëtt et op deene meeschte Karten nëmme méi ‚rognons a keng ‚Éiercher‘ méi? Vun der ‚Bouchée‘ net ze schwätzen; déi schéngt ewell laang  all Paschtéichen iwwerlaf ze hunn…näischt géint e franséischen Numm, ower do, wou mir eiser een hunn, solle mir en och weisen/gebrauchen…dat ass esouguer net onintressant fir auslännesch Leit, déi sech bei äis ‚verlafen‘. E puer Beispiller sinn hei vläicht op hirer Plaz:

Soupe à l’ognion/Zwiebelsuppe = Ënnenzopp

Consommé royal/ Rindsbrühe = Brittzopp

Pommes de terre rissolées = gebrode Gromperen

Laitue/frisée = Heeder- resp. gekrauselt Zalot

Salade de viande/Fleischsalat = Feierstengszalot

Firwat net och eiser richteg lëtzebuerger ‚Wäinzossiss‘ hir verdéngte  Plaz  wäit vrun der ‚Bratwurst‘ an der ‚saucisse rôtie‘ versuergen? Si passt iwregens och formidabel op de ‚Grill‘ a geet deer gelungenerweis gesetzlech versuergter ‚Thüringer‘ absolutt net aus de Féiss, pardon: laanscht de gehäerzte Goût!  Loosst iech se gutt schmaachen…an denkt emol un eis Gromperekichelcher an déi ‚gebake Fësch‘, déi een am Ausland emsoss an deer Qualitéit siche geet…och sproochlech!