Et ass jo eng flott Initiativ, déi d’Frënn vun der UNI-LU iwwer eis Sprooch gestart hunn, ower et bleift nach ze kucken, wéivill dat ‚Geschnëss‘ eiser Sprooch u sech kann hëllefen. D’Lëtzebuergescht kann net vum selwechte Stack Méiglechkeeten ausgoen, wéi dat bei de groussen Nopeschsproochen de Fall ass : Do hu mir et zënter Joerzéngten a Joerhonnerten emol d’éischt mat enger riseger Literatur ze dinn; d’Entwécklung vun der Press huet  milliardefach weidergehollef, dem Däitschen, Franséischen, Engleschen eng Zort ‚regelméissegt Gesiicht‘ ze ginn, op deem keng regional/lokal Pouken, Äässen a Pautschen eng Plaz hunn. De SPIEGEL schreift souzesoen dat Musterbescht Däitsch a keen Hamburger Ënnerdialekt ; d’SÜDDEUTSCHE an d’FRANKFURTER ALLGEMEINE kenne kee Bayeresch resp. Fränkesch; keng franséisch Zeitung hält sech un ee vun hire regionalen Idiomen, an et gëtt och keen englesche ‚Paper‘, dee ‚Cokney‘ oder d’Sprooch vu senger Géigend giff schreiwen. Domat wier d’Onméiglechkeet vun engem Verglach mat eiser Sproochsituatioun am Fong liicht ze verstoen.

Wann een an deem Sënn eng Aarbecht fir d’Lëtzebuergescht wëllt maachen, da blif e systematescht Duerch-Kämme vun deer Sproochmanéier, déi mir bei eise bekannste Schreiwerte kennen. Den C.M.Spoo – bei all senge Verdéngschter, déi hie soss hat – wier  do ower z.B. kee besonnesche ‚Middel‘, well hien säin Eechternoacher einfach net loosse kann, grad ewéi dee verdéngschtvollen Isi Comes. De Paul Noesen an den Nik.Hein, zwéin dichteg Männer ‚muselen‘ zevill gär, vun engem Will Reuland do net ze schwätzen…hei wier dann ower de Batty Weber ze nennen, oder säi Kolleg Pletschette, an natierlech de Professer Nik.Welter; déi schreiwe ‚Mëttellëtzbuergesch‘. An de leschte 50 Joer giffen engem da Leit ewéi den Norbert Weber, de Pier Kremer, de Paul Pütz, de Pol Greisch afalen, bei deenen een e Lëtzebuergesch fënnt, dat an d’Kategorie ‚Norm-Sprooch‘ passe geng; de Roger Manderscheid an de Guy Rewenig oder den Nico Helminger sténgen och an deer Rei…an äre Schreiwert stellt sech hannendrunJ

Dat ass ower eng ‚Benediktineraarbecht‘, déi vill méi Zäit a Loscht verlaangt wéi eng ‚sympathesch Schnësserei‘…e Wuert, dat schon eleng en typeschen Ausdrock ass, an dat sech mengerwärreg net nëmmen ëm Gebraddels dréint…nach esou e lëtzebuergeschen Ausdrock; et wier iwregens net vu Muttwëll, wann een dat ganzt Bedeitungsëmfeld vun deem ‚Geschnëss‘ emol giff op de Leescht huelen: schnëssen, eng Schnëss (schneiden ), eng op d’Schnësse ginn/kréien, op d’Schnëss falen/goen; braddelen, tuddelen, suckelen, saften…eent vun deenen Ëmfelder, deer ee kéipweis fir eis Sprooch kënnt maachen; iwregens och e Stéck Method, fir engem eis Sprooch méi no ze bréngen!

Bei deer ganzer ‚Schnësserei‘ gëtt et och nach ee Problem (fir net vun enger ‚Gefor‘ ze schwätzen): Sougenannt ‚Kierchtuermsfanatiker‘ kënne Reaktiounen ‚organiséieren‘, déi d’Ëmfro verfälschen. Denkt emol un déi gutt gemengten Doudesannoncen, wou  engem seng Frau dukt ass an de Rusekranz gebiät soll giän…näischt géint näischt, soen d’Leit, ower wat soll dat? Mir hann nach ëmmer su geschwatt…an der Rei, mä, zënter dem leschte Krich, a schéi regelméisseg  ginn déi Riedensarten duerch de Beruffsverkéier ëmmer méi ofgeschlaff, an da kënnt nun emol eng Zort Duerchschnëttslëtzebuergesch eraus…wann et net zevill durch muttwëllest Eranhuele vun Däitsch, Franséisch oder Englesch verdruddelt gëtt…an deelweis behaapt, dat wier eng normal EVOLUTIUON. Et ass just Kamouditéit…oder Lidderegkeet!

An dann: Elo eng genësseg Vakanz…och fir äre Schreif-Schnëssert; bis den 1. September.