Emol ganz éierlech: Wou huet dir ewell e bessere ‘gebakene Fësch‘ giess wéi op der Fouer?… vläicht um ‚Mäertchen, oder soss enzwou… an deene selwechten ‚Buden‘. E méi genëssege Gromperekichelche gitt dir och ëmsoss baussent eise Grenze sichen.

Datt mir déi beléiften ‚Thüringer‘ ewell musse ‚Grillinger‘ oder sosswéi vernennen, ass eng Kueberei vun der EU-Markenadministratioun. Et ass ganz einfach Quatsch, well et dréint sech als Ënnerscheed just ëm e puer Käere ‚Kümmel‘, deen iwregens op Lëtzebuergesch ewell laang en Numm huet (de ‚Geimer‘ fannt dir ‚Zu Arel op der Knippchen‘!)… d’Fleesch bannendran ass datselwecht; eis schmunzgenësseg Wäinzossiss kann et spilles mat deem Gewurschtels vun ‚do iwwer‘ ophuelen! Fazit: Mir brauchen iwwerhaapt keen ‚Thüringer‘! Wa mir den Ausdrock ‚Wäinzossiss‘ bedenken, da kënnt en zerguttsterte Schotz Elbling an deer Wurscht bestëmmt näischt schueden; doheem, mat enger giedeleger Moschterzoos, ass eis Wäinzoossiss iwregens einfach net ze schloen…och um Grill!

‚Gromperekichelcher‘ hunn ech ewell – ënnert aneren Nimm – an allen Härelänner giess, ower do kënnen déi alleguer vis-à-vis vun deenen op der Fouer nëmme kräischen: et ass einfach néierens dran, wat mir ënnert den Deeg mëschen: bei d’Salz an de Peffer Schalotten, Bratzelen, eng Pouz Mëskot. Iwregens: Wësst dir, wéi dat Saaft heescht, dat erausleeft,wann een déi gerappte Gromperen ausdréckt? Dat huet e gestackte Stiedter vum Fëschmaart mir emol verroden, de Fiedlesch Nikki † …et ass den Därri! An dee soll versuergt ginn, fir déi nächst Geméiszopp ze décksen. Schlau, gell! Zevill Aarbecht? Mat eise Maschinne vun haut, eng Kannerei! Probéiert dach emol; do kënnt keng ‚malbouffe‘ vu MCFriess noo!

Ass iech bewosst, datt néierens soss ewéi hei déi kleng a grouss Kanner ‚op d’Spiller‘ gin; datt et nëmmen hei ‚Knuppautoen‘, ‚Stillercher‘ ‚Päerdercher’gëtt  a ‚Blumme geschoss‘ ginn? An der Zäit krut een och nach ‚Feiersteng‘ a ‚Këpperchesrevolveren‘am ‚Allee‘ ze kafen; ‚Mokuchsstréckelen‘ a ‚Schappnugat‘ kritt een nach haut; a ‚Speck‘ ass op der Fouer net onbedéngt vum Giss; da gëtt et och nach déi ‚richeg Liichtebengelcher a bestëmmt nach eng Partie deer Saachen, déi mir elo net bäifalen. Fir d’Frupps: Eis ‚Lëtzebuerger Mullen‘, déi  et nawell ganz liicht mam ‚Léon‘ vu Bréissel sengen ophuelen; probéiert och emol vläicht an der Mullenzopp e mëlle Camembert opzeléisen…well dat geet jo och mam ‚Roquefort‘.

Wéi hunn ech dat vru Joeren ewell a mengem ‚FOUERLIDDCHEN‘ iwwer dat Ganzt am Refrain op d’Weis vun der ‚Kleinen Kneipe‘ gesot:

De Blanne Jang wor dach e feine Kärel;

Seng houbescht Iddi ass d’Fouer gewiescht.

Dofir gi mir haut nach ëmmer sou gären,

mam Fouerschwonk dann eran an den Hierscht!

Fir d’éischt loosse mir äis ower e Méindeg emol op der Staadter Braderie e säftegt Bréitche mat enger gemoschterter Zoossiss oder enger Mettwurscht gutt schmaachen…a lauschtere wat eis Politiker äis fir Schmannt zumbeschte ginn…natierlech och iwwer d’SproochJSchued fir déi, déi musse schaffen. Mäi Bäileed!