Denkt emol driwwer no, oder kuckt an enger gaaaaaanz aler Zeitung – vläicht elo als Copie am Internet ! – wéi et sech an der Zäit mat eiser Sprooch am Geschreifs hat : Zesoen NÄISCHT! An deer Saach ass esou zimlech alles ‚schéi roueg‘ gelaf… bis et geschlof huet. Et huet och weider keen sech dru gestouss, datt um RTL-UKW-Kanal 18 lues a lues jiddereen ‚säi‘ Lëtzebuergesch an de Mikro gebabbelt huet… déi eng flott a genësseg (Léon Moulin, Paul Leuck…), anerer méi ‚haart‘, mä zerguttst (Nic Weber, Roby Rauchs…).Mä da koumen déi, fir déi eis Sprooch kee Wäert un sech hat; si hunn egal wat geschwat a sinn an engem Stéck um Däitsche vun den Noriichten-Agencen hänke bliwwen. Et guff ëmmer méi aremséileg, fuddeleg, schluddereg, zesoe ‚sproochkriminell‘. Wien huet sech dru gestéiert? Knapps een, a wann, da beim Humpen oder an engem ‚Präbbelisgespréich‘. 1972 koum dunn e Stëppler: Äre Schreiwert; 12 Joer laang, 3mol d’Woch (ronn 2000 Emissiéinercher)… an et huet sech eppes ‚gemaach‘; bis dohinner hat keen eppes fir d’Sprooch selwer um Mikro iwreg!

Mir haten zwar en etlech – esouguer ganz gutt – Dichter a Schreiwerten; ëm d’Sprooch ‚bei de Leit huet ower kee vun hinnen sech bekëmmert. Et huet och eng fläisseg an dichteg Dictionnaire-Commissioun sech Dosende Joeren ëm d’Sprooch bekëmmert… ower an engem bal hermetesch ofgeschlossene ‚Milieu‘; fir d’Leit ‚dobaussen‘: Näischt! Kee Mënsch huet sech ëm den allgemenge Gebrauch vum Lëtzebuergesche bekëmmert; an der Schoul guff et kee Buch méi, ower op der ‚Zensur‘ stong nach schäinhelleg e Fach ‚Langue et littérature luxembourgoise‘; eis Sprooch um Programm vun der 7e am ‚Kolléisch‘… dat dann de Däitschprof  bei seng Stonne geprafft krut, mat deem Resultat, dat mir kennen… esou ass déi Sprooch verkomme gelooss ginn, fir déi d’Lëtzebuerger sech den 10. Oktober 1941 mat wäit iwwer 95% géint d‘Nazien an d’Gefor gesat haten.

An haut? Munnech Politiker giffen sech am léifste rout-wäiss-blo undinn, fir an eng Versammlung oder soss op d‘Strooss ze goen! Eis ‚Tricolore‘ ass net méi am Virwahlmodus erauszedenken; jidderee wëllt dee Lëtzebuergeschste vun de Lëtzbuerger sinn. Déi eng iwwerschloen sech mat ëmmer Neiem beim Organiséieren; anerer ginn net fäerdeg mam rout-wäiss-bloe Kräiz-Logo; erëm anerer drécken a pechen eis Fuendelsfaarwen op all Plakat a jidfer ‚Gadget‘. Et kënnt ee mengen, et giff plazeweis näischt méi Wichteges wéi eis Sprooch; mä hei fällt engem esou e gehäerzte Spréchelchen an: Zevill an net genuch si keng Moossen! Elo ëmmer an iwwerall mat eiser Sprooch ze flankéieren, ass net dat Gielt vum Gackelchen… et muss e bësse Rou an dat Spill kommen, aplaz alles an nach méi ze verspriechen, wat een net onbedéngt a scho guer net ze séier hale kann.

Mir mussen emol kucken, wou d’Lëtzebuergescht senger schwaacher Säiten huet; wou et am meeschten a Gefor ass (alias:verhondst gëtt!); wat ee fir déi jonk Leit kann organiséieren, déi mat eiser Sprooch op de Mikro lassgelooss ginn, well si zwar ‚Communicatioun‘ studéiert hunn, ower op der Universitéit näischt vun Lëtzebuergesch/ Lëtzebuerg matkruten. Mir verdroen och nach e puer lëschteg Spunnes-Emissiounen op ‚eiser‘ TV… mä watfir Politiker verschafen äis  eng kleng Plaz, fir emol zerguttst a labber e puer Minutten d’Woch iwwer eis Sprooch ze schwätzen… mat e puer (flotte) Spréchwierder geet et nun emol net duer. Mat Versprieche virum 14. Oktober och net J