Cheffe vun däitschsproochege Länner?
Frëndschaft ass eng Saach. Däitschsproocheg Länner ass eng aner. Eise Grand-Duc ass ganz kloer 4-sproocheg, vläicht esouguer nach méi…prima. Mä hien ass net Chef vun engem ‚däitschsproochege Land‘! Lëtzebuerg ass nun emol e souveräne Staat mat enger eegener Sprooch: dem Lëtzebuergeschen. Seng Sproochsituatioun bréngt et mat sech, datt de Grand-Duché eng – iwregens beneidenswert – Sproochsituatioun huet. Mä mir si ganz kloer keen däitschsproochegt Land, grad esou wéi mir kee francophone Staat sinn.
Fir Lëtzebuerg muss een en Ënnerscheed tëscht de Begrëffer ‚Vollek‘ a ‚Populatioun‘ maachen. Gewëss: et ass gutt an e kloere Virdeel, dat jidfer Lëtzebuerger mat engem ‚normalen Täti‘ säin Däitsch an säi Franséisch zumbeschte gi kann, ower ënnerteneen ënnerhale mir äis nun emol an enger ‚germanescher‘ Sprooch, déi wëssenschaftlech ‚Westmuselfränkesch‘ oder nach besser ‚West-Our-Sauer-Muselfränkesch‘ genannt gëtt.
Dat ‚Germanescht‘ ass net elauter ‚Däitsch‘; och Nidderlännesch ass jo keen Däitsch mä Germanesch, grad ewéi déi germanesch- skandinavesch Sproochen… heiriwwer kënnt een elo ower nach ielelaang schreiwen, diskutéieren… sech esouguer zermeeschteren.
Fir dann nach eng Kéier op eis Iwwerschrëft ze kommen: Mir gehéiere weder zu den däitsch- nach zu de franséischsproochege Länner; dem Iwwerbegrëff no ower ganz kloer an d’Rei vun der GERMANESCHER Sproochgesellschaft. Déiselwecht Iwwerleeung kann ee jo och fir d’Franséischt maachen, dat zugudderlescht sproochhistoresch an déi sougenannt ‚Romania‘ klasséiert gëtt (firwat da ‚Frank-räich‘?)…grad ewéi dat Italiéinescht, dat Spuenescht an d’Portugisescht. Mir hunn ower ënnert all deenen den Avantage, datt e klenge Lëtzebuerger (grad ewéi seng italiéinesch, portugisesch oder anersproocheg Komeroden!) hei mat 6 Joer an d’Däitscht a mat 7 Joer an zwou immens héichkultivéert Sproochen erageféiert gëtt: Däitsch a Franséisch! A wat gëtt et Besseres, fir mat deem ‚Bagage‘ dann zu engem gewëssen Zäitponkt eng vun de gréisste Weltsproochen ze léieren: Englesch. Well d’Sprooch vum Shakespeare ass zënter dem 11. Joerhonnert e sougenannten ‚Amalgam‘ vum Germaneschen a Romaneschen, nodeem en normanneschen ‚Dukes‘ an hirem ‚vikinger-sächsesche Land, no deer immens wichteger ‚Battle of Hastings‘ Kinnek iwer ‚Groussbritanie‘ gi war…ouni elo weider op d’Roll vum Gaeleschen anzegoen…
Fir dann nach eng Kéier op d’Reunioun vun den ‚däitschsproochege‘ Staats-Cheffen ze kommen: Mir sinn net däitschsproocheg; mir gebrauchen d’Sprooch vum Goethe ganz héichprozenteg, grad ewéi d’Franséischt adminstrativ eng immens Roll huet. Dofir ginn ech iech eng authentesch Annekdot, déi op e perséinlecht Gespréich 1981 mam fréiere franséische Kulturminister Jack Lang zu Cotonou passéiert ass. Do gong da vun de ‚pays francophones‘‘ rieds; wat mir ower net geleeën huet. “Mais vous êtes francophone Monsieur“, huet den Här Lang op meng Reklamatioun geäntwert, dat mir net ‚francophone‘ wieren. „Non, Monsieur Lang, nous ne parlons pas français entre Luxembourgeois; nous sommes tout au plus ‚francographes‘…et je demande que nous figurions au protocole de cette ‘Réunion de la francophonie’ comme ‘faisant usage de la langue française ‘». Dat ass dann och am ‘Protokoll’ geschitt. Wéi ass dat dann haut?
Ech hunn engem vun eise beschte ‘Fransousen’, dem Lambert Schlechter dat verzielt…an hie sot, hie giff sech och net als ‚francophone‘ mä héchstens als ‚francographe‘ gesin…do bleift jo da knapps eppes bäizesetzen. An deeselwechter ‚suite d’idées‘ wier et vläicht och ubruecht, datt Lëtzebuerg net onbedéngt an héchste Spären einfach als ‚däitschsproocheg‘ giff ‚vernannt‘ ginn, mä an iergendenger eleganter Form als ‚Deutschgebrauchsstaat‘. Näischt fir ongutt, mä mir gi jo och e bëssen ongehal, wann däitsch Leit mengen, mir giffe Franséisch schwätzen a franséischer, eis Sprooch wier d’Däitsch.