Dës Woch war ech op eng ganz intressant Konferenz, wéi et der esou vill bei deenen dichtegen a fläissege Leit zu Miersch am Literatur-Zenter gëtt, dem imposante Gebai, dat dem fréiere Staatsminister Emmanuel Servais säin ‚Härenhaus‘  gewiescht ass.

Bei dëser Geleeënheet huet de Spezialist Claude Kremer iwwer de ‚Rondrëm‘ vun/an eiser Sprooch vum éischt gedréckte Gedicht op Lëtzebuergesch (1824) an dem Tunn Meyer sengem ‚Schréck op de Parnassus(1839)un, bis ëm 1970 (Dictionnaire) referéiert. Bestëmmt vill Neies fir déi meescht vun deene sëlleche Leit, déi do waren.

Hei guffe mir dann och (erëm) gewuer, datt d’Schreifweis vun eiser Sprooch (nach) ëmmer ‚en Hond am Keelespill‘ gewiescht ass; dat huet sech bis haut am Fong net ginn…dobäi ass et dach esou, dat d’Orthographie vun egal watfir enger Sprooch am Fong näischt anescht ass wéi d’Rumm vun engem Tableau…a wat ass dann dobäi dat Wichtegst?

All eis Schreiwerten aus dem 19. Joerhonnert hunn sech hir perséinlech Schreifweis ‚geknätzelt‘. Den Tunn Meyer hat ewell an sengem Ur-Bichelchen en etlech Explikatioune fir seng Schreifmanéier ginn. Egal wien sech duerno schrëftelech op de Wee gemaach huet – ob Diedenhofen, Gangler,Dicks, Rodange, Lentz – jiddereen huet sech d’éischt emol iwwer seng Orthographie explizéiert; dat war ganz normal, z.B. och am Däitschen. Wann dir eng Publikatioun vu virun 1880 am Goethe senger Sprooch ze pake kritt, dann ass déi no deenen ‚offizielle‘ Schreifweisregele vum Konrad Duden natierlech laanscht den Dill…an deen ‚Duden-Dill‘ ass och nach dacks duerno ‚offiziell‘ riichtgebéit ginn!

Do guff dee leschten ‚Hoff‘ – villméi e Koplabunz – vrun e puer Joer gemaach. Vläicht erënnert dir iech nach un dat Gebutteks, dat et ‚déisäit‘ am Bliederbësch guff: esouguer hir ‚Qualitéitspress‘ wéi ‚Spiegel‘, Süddeutsche, Frankfurter asw. huet einfach op stur geschalt a laaang refuséiert, wat si als ‚Ieselzegkeeten‘ tituléiert hunn; d’Bauzegkeeten hunn sech ower duerchgesat (Halo ‚Lobbying‘), an dat sougenannt ‚Dudeninstitut‘ huet mam Verlag wéinst ëmmer erëm neie Kuebereien e Bommegeschäft gemaach! A mir? Mir trappe schéi brav  mat deem Zinglabumm weider, och wat z.B. déi Kaalwerei vu systemateschem ‚f‘ fir de griechesche ‚phi‘ ugeet; ‚sytematesch‘? Neen, well ‚Philosophie/Physik‘ ass am Däitschen nach ëmmer keng ‚Filosofie/Fisik‘, an dees nach méi; iwregens misst den ‚Y‘ jo logescherweis och eraus, mä asw…Et giff eng Abberzuel, wann een hei nach geng weiderfueren.

De Claude Kremer huet äis dann och nach, ënner villem aneren Intressanten, vun deer am Fong éischter ‚offizieller‘ Schreifweis vum Lëtzebuergesche geschwat: do wier jo dann emol deen éischten ‚offizielle‘  Lëtzebuerger Dictionnaire vun 1906, deen den Dr. Weber koordinéiert hat; duerno gong et ëm d’Orthographie, déi de Spezialist René Engelmann fir dat éischt Lëtzebuerger Schoulbuch (Das Luxemburgische und sein Schrifttum /Nik.Welter) vun 1914 zesummegestallt huet. Et gong Rieds vun deem gelungenen ‚Ongeheier‘, dat de Professer Feltes 1946 gekniwwelt hat,a  fir dat de franséische Sproch ‚il n’a que le ridicule qui tue‘ wierklech stëmmt. De Robert Bruch huet duerno, ëm 1970,  fir dat 5-bännegt ‚Wörterbuch‘ eng Orthographie op d’Been bruecht, déi verstänneg war an och 1972 vum Minister Robert Krieps (op d’Dirängele vun der Actioun-Lëtzebuergesch!) offizialiséiert ginn ass. 1990 huet sech dann de ‚Conseil pour la langue luxembourgeoise (CPLL)‘ un eng ‚refonte vun deer Dictionnaire-Orthographie gemaach…déi alt erëmm alles wéi exemplaresch guff, net zugudderlescht, well ower och net een eenzege Pädagog aus der Praxis bei deem Grupp war. Dofir gëtt et do esou villes, dat wierklech net néideg, wann net esouguer hiermiddeg ass. Ower dat däerf ee jo alles net esou ‚graff‘ soen, gelldir. Vläicht wier doriwwer ower nach emol eng Konferenz fälleg…