ZURÜCK = nach laang net ëmmer ZRÉCK!
Bei deem, wat een am Däitschen kamoud mat ZURÜCK++++ an honnertfachem Gebrauch fënnt, do grenzt d’Lëtzebuergescht sech plazeweis ganz typesch an däitlech of. Wien also éierbart Lëtzebuergesch wëllt schwätzen oder schreiwen, dee misst dës Ënnerscheeder respektéieren, vrun allem als Journalist um Mikro! ZRÉCK ass a ville Fäll an eiser Sprooch falsch op der Plaz… wa mir d’Lëtzebuergescht wëlle ‚propperhalen‘.
Natierlech kann een déi Iwwerleeung elo als ‚Méckepéilerei, Ierbessenzielerei, Biischtebënnernorm, Rabbelkäppegkeet‘ erofmaachen… an ower drop halen, datt am Däitschen, dem Franséischen oder Englesche souzesoen d’Kierch grammatesch, orthographesch a semantesch (bedeitungsméisseg) am Duerf bleift. Et steet jidderengem fräi, doriwwer esou ze denke wéi et him gutt schéngt… ower da kann ee jo z.B. op Englesch och ‚nolitsch‘ schreiwen an dat blöd ‚knowledge‘ ënnerwee loossen, nedir; a firwat net dat franséischt ‚accueil‘ och alt emol ‚aqeuil‘ schreiwen, oder sech en däitscht ‚Väuersbrunzt‘ leeschten… ass dach egal, gelldir. Da gëtt nawell gär gesot, eng Schreifweis oder eng Sprooch wieren dach nëmmen do, fir sech ze ‚verstännegen‘; dat ass net (ganz) dolaanscht, ower theoretesch giff dann och eng ‚Sprooch‘ mat den Hänn a Gramassen duergoen… bonjour Kultur!
Nach esou e Klengegkeetsgeknadders: Mir hunn nun emol am Lëtzebuergeschen dat spezifescht ERËM…/HANNESCHT…/HANNERZEG, am Sënn wéi een am Franséischen déi ‚Widderhuelungs-Virsilb RE++‘ begéint, wann net esouguer einfach nëmmen ‚eppes mat „R“, wéi bei „retourner, rendre/rentrer, rouvrir, ramener, rapporter“ asw.,souzesoe ‚Widerhuelungs-prefixen‘. Am Däitsche steet an deem Sënn ‚zurück‘ oder ‚wieder‘. Just hei ënnerscheed eis kleng Sproochelchen sech ower däitlech vun deene Sproochgebräicher, an zwar duerch ERËM an HANNESCHT, och nach HANNERZEG. Et wier en ‚Dauereschued‘, wann déi Eegenartegkeet ouni Féischten an Iwwerleeung an de Fatzekuerf giff gehäit ginn, oder net? E puer kleng Sätzelcher, fir dat Ganzt vläicht besser ze behalen: Ech komme mar ERËM a fueren iwwermar HANNESCHT; de Jang kritt säi Buch ERËM, ech droen him et HANNESCHT; de Claude fiert nees HANNESCHT op Paräis; kuck och HANNERZEG, wann s de HANNERZEG fiers…zréck ass also do falsch op der Plaz.
Dat si jo alt erëm esou ‚Klengegkeeten‘, déi ower och an anere Sproochen hir ‚charakterlech‘ Roll spillen. Wa mir z.B. haut ëmmer méi dacks ‚AB‘ aplaz ‚VUN-BIS‘ soen, da fällt doduerch jo zwar nach kee Bam ëm… mä et knabbelt um Sproochcharakter. Firwat solle mir soen, et giff ‚AB‘ dem 1. Januar dëst oder dat net méi ginn; ‚AB‘ 8 Auer wieren d’Dieren zou (vun 8 Auer UN); ‚AB‘ elo giff et anescht goen ( aplaz vun elo un) asw… dat ass am Lëtzebuergeschen nun emol ‚VUN…UN/BIS‘. Do ginn et ower och esou Kuebereien am Franséischen, wann et heescht „je pars à Marseille“, aplaz „je pars POUR Marseille“…“je pars à“ wëllt dach soen, datt ech do sinn a vun do éierens anescht fueren, oder ?
An de Lëtzebuergesch-Coursë fir auslännesch Leit ass dat OP iwregens e Kapitel fir sech, well et an anere Sproochen net op déi Manéier ‚gedréint‘ gëtt: Mir fueren OP zesoen all Uertschaften am Land an dobaussen… bis dann ‚AN d’Stad/Fiels‘ oder eng bestëmmte Géigend (Gäichel, Mëllerdall…).
Heinsdo muss ee bal mam Féngerchen op esou ‚Geräbbels‘ an eiser wéi an anere Sprooche weisen, fir datt si net zevill un d’Schluddere kommen. Muttwëll ass dat op jidfer Fall keen.