Kadaster a Flouernimm
Gewëss, mir hunn hei ewell méi dacks iwwer d’Saach vun eise Flouernimm geschriwwen…et geet jo ower, hei grad ewéi anerwäerts, näischt iwwer eng bestëmmte Widerhuelung.
Wat mir haut als Kadaster verstin, dat ass bei sengem Ufank net esou geduecht gewiescht. Et guff géint d’Enn vum 18. Joerhonnert, net nëmme fir de ‚Duché de Luxembourg‘, mat enger ‚Bestandsaufnahme‘ als Fong fir d’Steiere gemaach; fir ‚äis‘ ënnert der Keeserin Maria-Theresia. No der Franséischer Revolutioun, der Napoleons-Zäit an dem Wiener Kongress (1815/16) huet dann eisen neie Kapphär Wëllem I déi Kadasterverwaltung ordonnéiert, déi an den 1820er Joeren hir Aarbecht hei ugefaang huet. Haut ass dat eng vun eise speziellsten an dichtegste Verwaltunge vun eisem Staat, déi sech mat hire Fach-Ingenieuren an dem Diplom-Personal uechter d’ganzt Land ausbreet. Si ass och eleng fir de Fong vun offizielle Kaarte vu Lëtzebuerg zougelooss a schafft fir ‚d’Cartographie‘ mam Ausland an de wichtegste Gesellschaften zesummen… déi dir iwregens duerch äre ‚GPS‘ kennt. De richtegen Numm ass haut ‚Administration du Cadastre et de la Topographie‘.
Den Ufank war mengerwärreg keng einfach Saach. Fachleit sinn deemools dofir aus Hessen eragehol ginn…déi d’Nimm vun de Stécker, Bëscher a Wisen ower net ëmmer esou dem Ouer no opschreiwe konnten oder vernannt hunn, déi d’Leit hinne genannt hunn, vrun allem well déi hessesch Beamten eis typesch Duebellauter net ‚drop‘ haten. Dofir dann ‚im Kuhweg fir ‚am Kouwee‘; auf dem Lehberg fir ‚um Léibierg‘; auf der Schleid aplaz op der Schleed; auf oberstem Busch fir ‚um ieweschte Bësch‘ ( e Bësch ass jo ower kee ‚Busch‘); oder esouguer in der Kotzwiese fir eng Kouswiss…do kann ee jo vläicht laachen, ower déi meescht vun eisen Notairen hunn dës koppeg Kuebereie vun deemools nach ëmmer an hiren Annonce fir eng Stee stoen…déi dann och nach gesteift a gebeemt ‚Licitation immobiliaire‘ vernannt gëtt; dat mécht zwar gutt, ass ower Käbbi, well déi allermeescht dat net verstin!
Et kascht déi zoustänneg Ministèren (Finanzen/Justiz) net e sëllechen, fir dem Notariat ze ordonnéieren, eis Flouernimm esou op Plakaten, an den Annoncen an Akten ze schreiwen, wéi se nun emol bei de Leit heeschen. Firwat maachen déi eng Notairen et iwregens ewell… an déi aner net?!
Wann z.B. d’Sprangprëss(ess)ioun an d’Fouer als ‚Patrimoine mondial immatériel‘ sollen eng Plaz kréien (eng gutt Saach!), dann däerf ee sech ower och vläicht froen, ob eis lëtzebuergesch Flouernimm/ lieux-dits net wéinstens heiheem och sollten an d’Rei vum ‚Patrimoine‘ stoe kommen, well déi jo ganz bestëmmt zum Stack vun deem gehéieren, dat ‚Patrimonium‘ genannt gëtt, also wat äis vun eisen Ur-Pappen,den ‚Unhäercher‘, bliwwen ass, iwwerdroe guff, oder? Mir ‚klasséiere‘ glécklecherweis al Gebaier an Haiser (Service des Sites et Monuments) géint Verschampeléieren/Ofrappen; dann dierft jo fir déi kleng ‚Sproochmonumentercher vu Flouernimm eppes am selwechte Sënn gemaach ginn. De Minister vum ‚Intérieur‘ kënnt z.B. iwwer en ‚Arrêté‘ d’Gemengen dozou bréngen, am Fall vun neie ‚Lotissementer‘ d’Versuerge vun de Flouernimm op deene Plazen als Conditioun fir eng Permissioun ze setzen. Et ass jo nun emol sou, datt an deene Gemenge-commissiounen och alt net elauter ‚Kenner‘ kënne sëtzen. Mol kucken, wéi et sech hei mat de feierleche Parteie-Versprieche fir nom 14. Oktober huet. Mir halen äis un dee léiwe Sproch: Mir ginn äis net, esou laang eng Kniddel am Dëppen ass… och bei enger neier Chamber a Regierung!