All Parteien, déi dir mar op ärem Stëmmziedel fannt, hunn sech un eis Sprooch erënnert. Ouni ze iwwerdreiwe solle si sech dann och nach nom Wielersonndeg verstänneg dodrun erënneren. Mir sti prett, fir jidderengem dobäi ze hëllefen… well ‚mir‘jo duerch eist Gewudders vun de leschten 48 Joer (!) dru schëlleg sinn, datt iwwerhaapt nach iwwer eis Sprooch als ‚Ierfstéck‘ geschwat gëtt. Dir braucht nëmmen driwwer nozedenken, oder ‚Eelerer‘ ze froen, wat et da virun 1970 ‚dobausse bei de Leit‘ offiziell bis op e bësse Literatur an de raren Dictionnaire an eiser Sprooch ginn ass: Näischt!

Natierlech war et eng gutt Saach, datt eng Partie intelligent a fläisseg Leit sech Joerzéngte laang fir en Dictionnaire kristillegt hunn; mir hunn och all Respekt vrun de Leeschtunge vun e puer gudden ‚Dichter‘ a Schrëftsteller… mä et huet ower och absolutt keen sech ëm d’Lëtzebergescht ‚tel quel‘ bekëmmert. Hand op d’Häerz: Wien huet dann e Bichelche kaaft? Wien huet no der Sprooch BAUSST de Bicherdeckele gekuckt? E war deene meeschten dach sch…egal, wat op de Stroossen- an Uertschaftsschëlter stong, datt et am Telephonsbuch nëmmen ‚Tarchamps, Larochette, Sonlez, Clervaux, Clemency, Bascharage asw, ginn ass; datt Familjenannoncen alleguer just op Franséisch oder Däitsch gemaach gi sinn; datt et absolut kee Schoulbuch fir d’Lëtzebuergescht ginn ass, an,an,an. Fir eis Sprooch SELWER huet keen, ower och glat keen e Féngerche kromm gemaach. Dat war zevill ‚trivial‘, huet no Fanatismus, normativem Zwang an enger ganzer Schwadrull ‚intelligenten‘ –isme geroch, gelldir.

Elo si mir dann endlech(?) souwäit, datt d’Politik sech eisem Identitéits-Heeschekand vu Lëtzebuergesch senger wëllt unhuelen… wann et dann alt esou wäert sinn. Dir kënnt äis et ower roueg gleewen: Mir bleiwen hannendrun, an hëllefen och deem neie Commissaire vun der Sprooch Marc Barthelemy mat all eise Méiglechkeeten, aus senger neier héiger Positioun dat Bescht fir déi Sprooch ze maachen, mat deer eis Mamm äis nun emol ‚an d’Liewen era gekësst huet (M.Lentz)‘.

Nach eng Klengegkeet: Loosst mer dach mat deem blöde ‚Gepopulismus‘ ophalen! Op seng Manéier ass jidfer Politiker an der Grondbedeitung vum Ausdrock dach e Populist; hie wëllt dach esou no wéi méiglech beim Vollek, dem ‚Populus‘ sinn, sief et op Photoen, Aweiungen oder soss Manifestatiounen, a wa méiglech esou vill an dacks wéi et geet an der geschriwwener a geschwater Press, oder? Dofir läit et mir uewen, just haut dëse klengen Uz-Text emol nach ze bedenken ze ginn:

Wann äre Populist eise Populist nach eng Kéier Populist vernennt, da vernennt eise Pupulist äre Populist esou laang Populist, bis äre Populist eise Populist net méi Populist vernennt!