Egal wéi déi nei Regierung ausgesäit : Laanscht eis Sprooch ass et elo schwéier ze kommen ! Mir erlaben äis keen Uertel iwwer d’Reklammaarbecht vun den eenzele Parteien, ower direkt oder indirekt konnt zesoe keng sech laanscht d’Sprooch vum Land drécken. Und das war gut so, giff der Berliner ‚Wowi‘ soen.

Nach emol: Zevill an net genuch si keng Moossen… ower et huet dach ower e Blanne gesinn an en Dawen héieren, datt d’Sprooch vum Land bei allen Haaptparteien eng Roll kritt hat. Gitt emol eventuell d’Partei-Reklamme vun de leschte 50 Joer Chamberwahle kucken; do sicht dir ëmsoss e Wuert fir d’Lëtzebuergescht.

Op der Klappjuegd leeft bei den Honn ëmmer ee vun hinne vir; deen heescht ‚Unzéckert‘; esou virbäi ass et och e ‚Rocker‘ an de leschte Joere fir eis Sprooch an der Parteipolitik ginn… natierlech plazeweis déck iwwerdriwwen, ower ëmmerhin. Et muss heiansdo e Wak an eng Fënster gehäit ginn, fir datt gemierkt gëtt, datt Glas dran ass; an da soll gemitterlech eng nei Raut dra gesat ginn, schéi gemellech mastikéiert, an dat Dengen vun Zäit zu Zäit propper gebotzt ginn. De Verglach hippt natierlech wéi jidfer ‚Metapher‘, mä et léisst sech ower entzifferen.

Hand op d’Häerz: Ouni dat wibbelegt Gedreifs a Gerëffels  vum ‚Unzéckert‘ wier och dat neit Gesetz fir eis Sprooch net grad – j ust op der ‚Nuef‘ – virun de Wahlen op de Leescht komm an – o meiomei! – wonnerbar an eis Legislatioun gerutscht. Déi bescht Saach: Et gëtt dann elo e gesetzlech verankerten ‚Zentrum‘ fir déi Sprooch, déi d’Gesetz vun 1984 kloer a verstänneg als déi vum Land definéiert. Dat neit Gesetz huet dann och de Commissaire fir eis Sprooch ageféiert… a mat der Nominatioun vum Professer Marc Barthelemy, dem aktuelle President vum ‚Conseil permanent pour la langue luxembourgeoise (CPLL)‘, hu mir dann elo nach laaaaang net dee schlechsten neigebakene Commissaire fir alles, wat sech offiziell ëm a rondrëm d’Lëtzebuergescht dréint. Gutt esou… da ‚rappe‘ mir elo un!

Eise ronn 50-jäerege Veräin fir d’Sprooch kritt mat deem neie Gesetz an seng Bestëmmungen elo eng Bréck ze paken, déi direkt dohinner féiert, wou aarbechtsméisseg a materiell Méiglechkeeten opgin, vun deene mir emol net esou kéng gewiescht wieren ze dreemen. E klengt Beispill: Fir d’Wahlen hat eng Partei bei hire ‚Gadgeten‘ eng Kaart vum Land; do steet – an dat ass eng absolutt ‚Première‘! – ower och all Uertschaft vum Land mat hirem echt-lëtzebuergeschen Numm drop. Vun äis aus gekuckt, en Hummer! Mir hoffen z.B. och, datt et an deem Sënn ‚eppes‘ fir eis Kadasternimm gëtt; datt déi kompetent Ministeren eisen Notairen an enger feiner ower zolitter ‚Note‘ soen, an hiren Annonce fir eng Terrain-Stee déi richteg, also bei de Leit bekannten Nimm eranzesetze ; vläicht tëscht Klammeren deen ‚alen‘ dobäi. Eis Flouernimm sinn dach op hir Manéier e ‚Patrimoine immatériel‘, kleng ‚Monumentercher‘, déi net einfach däerfen iwwergaangen oder esouguer definitiv zoubetonéiert  gin. Hei, wéi op zeg anere Plaze kann  ‚de Rimm‘ mat deem neien ‚Zenter fir eis Sprooch‘ opgeluegt ginn.

Dat neit Sprooch-Gesetz an all seng Méiglechkkeete mécht äis d’Aaarbecht méi einfach, vrun allem méi ‚direkt‘, well mir duerch de ‚Sproochzenter‘ net méi d’éischt bei Jenny a Männi musse souzesoen ‚heesche‘ goen, fir datt een op eis Iddien a Froe lauschtert. Gold wert!