
Gegrënnt gouf de britteschen an iresche Film Festival am Joer 2010 vun der asbl Festival Events, deemools nach ënnert dem Numm British and Irish Festival Season (BIFS). Eréischt fir säin 10. Gebuertsdag am Joer 2019, ass de Numm BIFFL amplaz komm.
Zanterhier ginn all Joer, mat Ënnerstëtzung vun der brittescher an der irescher Ambassade, international Filmer gewisen, déi soss net géifen an de Lëtzebuerger Kinoe gewise ginn. Zanter 2023 gëtt et jeeweils eng Festival-Editioun am Fréijoer an eng am Hierscht.
Fir de Festival elo am September ginn 12 Spillfilmer, 5 Kuerzfilmer an en Dokumentarfilm vun 10 Minutte vun de Gewënner vun der Young Filmmakers Competition 2025/26 gewisen.
Lass geet et de 19. September um 19 Auer am Ciné Utopia mam iresche Komedie- an Drama Film "Trad" iwwert eng jonk Musekerin, déi vun doheem fortgeet an zesumme mat engem anarchistesche Grupp duerch d'Welt reest.

Den 23. September ass en Owend fir Kuerzfilmer, bei deem 5 Kuerzfilmer an den Dokumentarfilm "Galway: A City That Shaped Ireland" gewise ginn.
Am Kader vum britteschen an iresche Film Festival ginn ausserdeem en Audience Award an en Audience Price iwwerreecht an et sinn eng Rei Filmregisseuren a Schauspiller zu Lëtzebuerg.
Dee komplette Programm vum Festival, esou wéi Tickete fannt dir hei.