Film vun der Woch"Sunny Dancer" vum Georges Jaques

Frank Grotz
"Sunny Dancer" bréngt et fäerdeg, d'Besoinen an d'Ängschte vu kriibskranke Jugendleche mat Fangerspëtzegefill a vill schwaarzem Humor ze beschreiwen.
Film vun der Woch: "Sunny Dancer" vum Georges Jaques
"Sunny Dancer" bréngt et fäerdeg, d'Besoinen an d'Ängschte vu kriibskranke Jugendleche mat Fangerspëtzegefill a vill schwaarzem Humor ze beschreiwen.

Wann en Teenager vun enger Kriibserkrankung betraff ass, gëtt eng wichteg Liewensphas ënnerbrach. A sengem Film "Sunny Dancer" probéiert de Realisateur an Zenarist Georges Jaques dëse Sujet mat vill Humor a Sensibilitéit ze behandelen.

Genee wéi seng Elteren ass d'Ivy net op de Mond gefall. Mee seng labber Spréch sinn och eng Manéier, seng sozial Isolatioun zanter senger Kriibsbehandlung ze verstoppen. Der Teenagerin hir Begeeschterung fir eng Vakanzekolonie mat anere Jugendlechen, déi dat selwecht erlieft hunn, hält sech deemno a Grenzen. Mat der Zäit wiisst d'Grupp awer zesummen an d'Ivy fënnt nieft neie Kolleegen och déi grouss Léift.

"Sunny Dancer" bréngt et fäerdeg, d'Besoinen an d'Ängschte vu kriibskranke Jugendleche mat Fangerspëtzegefill a vill schwaarzem Humor ze beschreiwen. Wärend d'Personal vum Summercamp a sengem Direkter, gespillt vum Neil Patrick Harris, ze vill karikatural geroden ass, dréit d'Bella Ramsey den energesche Personnage vum Ivy souverän. Ouni an de Pathos ze verfale geléngt dem George Jaques mat senger Tragicomédie en Abléck an eng Jugend tëschent Onbeschwéiertheet an Ongewëssheet.

Back to Top
CIM LOGO