Interview mam Joey Tempest vu Europe"Musek schreiwe geet am beschte beim Fernsee kucken"

David Wagner
"Come This Madness", den neien Album vu Europe, kënnt de 25. September eraus.
© David Wagner

D'Rock Legende vu Europe, déi viru ronn 40 Joer mat The Final Countdown zu Weltstare gi sinn, bréngen de 25. September 2026 den éischten neien Album zënter néng Joer eraus: "Come This Madness". An op deem beweisen d’Schweden alt nees emol, wat agefleeschte Fans scho laang wëssen: Si kënnen nach vill méi, wéi just The Final Countdown!

Ähnlech wéi op de leschten Albumen, déi no der Reunion 2003 erauskomm sinn, erfënnt de Quintett sech nees nei a léisst de klasseschen amerikaneschen Hard Rock / Heavy Metal, deen een an den 80er gewinnt war, ëmmer méi op der Säit.

Esou fënnt een um neisten Album nees momunental an heavy, wéi och cineastesch Momenter, grad esou wéi vill Dynamik a wonnerbar Arrangementer.

Am Gespréich mam David Wagner verréit de charismatesche Frontmann vun der Band, den Joey Tempest, firwat hie sech net gären a senger Musek widderhëlt, wéi Fernseh kucke beim Songwriting hëlleft a wat hien alles op senger Rees beim Lidder schreiwen entdeckt. Dës weidere geet hien och op hir nei Frëndschaft zu hire Landsleit vun Opeth an.

Den Interview mam Joey Tempest vu Europe

Come This Madness kënnt e Freideg bei Silver Lining Music eraus. An am Hierscht gëtt och den 1986er Kultalbum "The Final Countdown" mat enger Tour gefeiert, ob där den Album integral gespillt gëtt, op där dat grandioost neit Material awer sécher net ze kuerz kënnt.

Back to Top
CIM LOGO