Subventiounsbedruch viru Geriicht70 Plainten ënnerwee wéinst gefälschten Zertifikater fir d'Studentebourse

Michèle Sinner
Um Stater Geriicht goufen e Méindeg eng Rei Affären traitéiert, bei deenen d’Zertifikater gefälscht goufen, déi Kanner vu Frontaliere mussen un hir Demande fir eng Studentebourse hänken. An et sinn nach 70 änlech Plainten ënnerwee.
© Laurent Weber / RTL

Um Stater Geriicht goufen e Méindeg eng Rei Affären traitéiert, bei deenen d’Zertifikater fir d'Studentebourse gefälscht goufen

Zanter e puer Joer geet d’Zuel vun Affären an d'Luucht, huet d’Vertriederin vum Parquet erkläert, wéi e Méindeg déi éischt Affär drukoum. D’Kanner vu Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen, kënnen eng Bourse beim Cedies ufroen. Mee si mussen en Zertifikat virleeën, ob a wéi vill Aidë si an hirem Land kréien oder net. Ouni deen, keng Lëtzebuerger Bourse, well déi d’Aidë vun "doheem" vervollstännegt.

Ma si hat vill Probleemer, fir d’Zertifikater vun der franséischer Caisse d’allocations familiales ze kréien, sou d’Direktiounssekretärin vun enger Lëtzebuerger Baufirma, déi fir de Rendez-vous virum Riichter wéi aus der Liedchen am Pelz a mat der Louis-Vuittons-Posch komm war. Si huet dunn den Datum op den Zertifikater vun hiren zwee Bouwe gefälscht, fir datt et soll viru goen. "Är Filsse waren nawell geschockt, wéi se dat gewuer goufen", esou d’Riichterin zu der Ugekloter. "Jo, ech si kee gutt Virbild", huet si geäntwert a sech entschëllegt, mee si hätt Urecht op d’Hëllefe gehat.

D’Vertriederin vum Parquet huet erkläert, datt et zu Lëtzebuerg e Crime wier, eng Fälschung ze maachen an ze gebrauchen. An de Cedies justement ganz large Delaien hätt, fir d’Annexen un d’Demanden nozereechen. Well dës Mamm keng Antecedanten hat, huet de Parquet fir si sechs Méint Prisong mat integralem Sursis an eng ugepasste Geldstrof gefrot.

En anere Student vun hannert der Grenz wollt e Stage an Australien maache goen. Mat der Bourse wollt hien de Fliger bezuelen. Ma well säin Zertifikat net koum an d’Zäit knapps ginn ass, huet och hie gefuddelt. Aus dem Stage aus Australien ass näischt ginn, well hien d’Suen net krut. Hie war ouni Affekot komm, mee huet sech selwer representéiert an d’Artikele vum Code pénal recitéiert, wéi wann ChatGPT ëm se virgebiet hätt.

Fir dem jonke Mann seng berufflech Zukunft net ze verbauen, huet d’Vertriederin vum Parquet fir hie just eng Amende gefrot. Genee esou wéi fir eng aner jonk Fra, déi sech ganz verschotert entschëllegt huet, hir wier deemools just nach een Dag am Delai bliwwen, fir hir Demande ofzeginn. Si huet antëscht aus aneren Ursaachen hir Studien ofgebrach an ass am Chômage. Si kritt 465 Euro de Mount. "Dat geet dach net duer, fir dovun ze liewen?", huet d’Riichterin gefrot. Déi jonk Fra wunnt nach bei hiren Elteren.

An enger anerer Affär sinn d’Mamm an d’Meedchen zesummen ugeklot. Mee d’Studentin war net komm, anscheinend well si d’Citatioun net kritt hätt. "Sot Ärem Meedchen, déi nächst Kéier kéim et an Handschellen", huet d’Riichterin gewarnt.

Ma net nëmme bei de Studenteboursë gouf gefuddelt. E Mann, deen 2010 e Schlag gemaach hat an zanter enger Rei Joer am Rollstull sëtzt, kritt de Revis. 2023 war hie wärend Méint mat senger Fra a Guinea gereest – ouni datt hien dat beim Fonds de Solidarité gemellt hat. Domat wier seng Résidence effective net zu Lëtzebuerg gewiescht, huet de Parquet festgestallt. Déi muss awer am Land sinn, fir de Revis ze kréien. 13.000 Euro bezilt d’Koppel an Tranchë vun 80 Euro de Mount zeréck. De Parquet huet 15 Méint Prisong an eng ugepasste Geldstrof gefrot. "De Revis ass net do, fir Vakanzen ze finanzéieren. Wann een d’Energie huet fir en Auslandsopenthalt, kann een och enger bezuelter Aarbecht nogoen", sou d’Vertriederin vum Parquet. Och dësem Mann säi Casier ass eidel, dofir huet si integrale Sursis proposéiert, wann d’Koppel d’Suen zeréckbezilt.

En anere Mann kritt vum Fonds de Solidarité de Revenu pour personnes gravement handicapées. Hie war länger Zäit a Portugal bliwwen, nodeems seng Mamm gestuerwe war an e Stuerm den Daach vum Familljenhaus ofgedeckt hat. Och fir dëse Revenu ass d’Konditioun, datt een zu Lëtzebuerg wunnt. Dat hat de Mann, dee just op Krätsche ka goen, net verstanen, obschonns et um Formulaire stoung. "Hie kann net liesen", huet d’Iwwersetzerin erkläert. Ronn 4.000 vu 7.000 Euro huet hien dem Fonds de Solidarité nach missen zeréckzebezuelen. Hie géif se elo gär all mateneen zréckbezuelen, well hien net am Land wëll bleiwen.

D'Urteeler an dësen Affäre ginn den 30. November gesprach.

Back to Top
CIM LOGO