
De presuméierten Entféierer vum 13 Joer ale Lisa aus Berlin-Marzahn hätt éischten Erkenntnisser virum Mord um Meedche keng Relatioun zu dësem gehat. Dem Parquet no ass de Verdächtegen 22 Joer al an huet déi däitsch Nationalitéit. Hie wier der Justiz dann och scho bekannt gewiescht. Zanter Januar 2025 hätt ee géing hie wéinst dem Verdacht, kannerpornografesch Contenuen kaf ze hunn, ermëttelt. Bei enger Perquisitioun vun der Wunneng vum Mann virun zwee Joer hätt een eng 900 Dateie mat kannerpornografeschen Inhalter séchergestallt.
De Mann gouf mat enger liewensgeféierlecher Schossblessur am Haus am Oste vu Brandenburg fonnt, an deem e Sonndeg de Mëtteg och d'Läich vum Meedche fonnt gouf. Den 22 Joer ale Mann soll probéiert hunn, sech ëmzebréngen, wéi Polizisten d'Haus kontrolléiert hunn. Den Ament ass hien dem Parquet no engem kriteschen Zoustand a gëtt an engem Spidol behandelt. Eng Mordkommissioun vum Beriner Landeskriminalamt (LKA) ermëttelt zu den Ëmstänn an dem Mord.