En Donneschdeg den Owend war d’Ouverture vun der 10. Editioun vum Luxembourg City Filmfestival.
Déi 10 Fiktiouns-Filmer gesinn um Pabeier emol genee esou attraktiv wéi variéiert aus. Kuerz gesot, et misst fir all Goût eppes derbäi sinn.
Et ass dach seelen, datt eng Komedie et an eng Competitioun vun engem internationale Filmfestival packt. “Effacer son historique” vum franséischen Duo Kerven/Delépine kënnt awer frësch gekréint mam sëlwere Bier vun der Berlinale direkt op d’LuxFilmFest. Dës typesch lufoque Komedie an där 3 Noperen total vun der Digitalisatioun vun onser Welt iwwerfuerdert sinn a sech dofir entscheeden, sech mat alle Mëttel dogéint ze wieren, wäert d’Laachmuskele kräfteg ustrengen.
An der dramatescher Komedie “Babyteeth” vum Shannon Murphy gëtt d’Liewen zelebréiert. An dëser australescher “Coming of Age” Geschicht dréint sech alles ëm d’Teenagerin, déi schwéier krank ass a sech ganz zum Ongléck vun hiren Elteren an en Drogendealer verléift.
Déi 8 aner Filmer stieche manner wéinst hirem Humor wéi duerch hiren engagéierte Fong oder hir ästhetesch Natur ervir. Wéi zum Beispill dem schwedesche Realisateur Roy Andersson seng existenziell a visuell impressionnant Reflexioun mam Titel “Pour L’éternité” oder dem Brit Mark Jenkin säin eenzegaartege schwaarz-wäissen Drama iwwert e Fëscher ouni Boot, deen den Traditioune vu sengem klengen Duerf onbedéngt wëll trei bléiwen.
Monochrom sinn och d’Faarwen am peruaneschem sozialen Drama “Song Without a Name”, wou eng Mamm op der Sich no hirem frësch gebuerene Kand ass. Am metaphoreschem Road Movie “Tantas Almas” reest e Papp eleng duerch Kolumbien, fir säi Bouf kënnen ze begruewen. Ëm d’Famill geet et och am Südkoreanesche Film “Moving on”, wou 3 Generatiounen ënnert deem selwechten Daach hausen. Am Danzfilm “Ema”, vum präisgekréinte Chilenesche Realisateur Pablo Larrain, versicht den Haaptprotagonist duerch seng Passioun, dat tragescht Liewe vu senger Famill ze änneren.
“Mosquito” ass e Krichsfilm vum portugisesche Realisateur Joao Nuno Pinto an deem ee jonken Zaldot, deen u Malaria erkrankt ass, sech duerch d’Savanne vum Mosambik kämpfe muss, fir d’Front erëmzefannen. Een traumatiséierten Zaldot féiert och duerch “Atlantis”, eng ukrainesch Produktioun op Fong vun engem Land, dat vum Krich zerstéiert ginn ass.
Dës 10 Filmer sinn an den nächsten 10 Deeg am Kader vum Luxfilmfest ze gesinn. Um Enn vum Festival wäert dann och ee gléckleche Gewënner de Grand Prix, deen eng Valeur vun 10.000 Euro huet, vun der Präsidentin vum Jury, der Marjane Satrapi, Iwwerrescht kréien.
All detailléiert Informatiounen iwwert d’Filmer fënnt een um Site Luxfilmfest.lu.
RTL-Artikel: LuxFilmFest 2020 - 1. Blog vum Joy Hoffmann RTL-Artikel: LuxFilmFest 2020 - 2. Blog vum Joy Hoffmann