Ee Konschtwierk pro Kanton12 Mudam-Wierker kréien eng temporär néi Ausstellungsplaz

Sophie Becker
Zënter dësem Mount kann een uechter dat ganzt Land Konschtwierker aus dem Mudam op méi ongewéinleche Plazen entdecken.
Konscht op ongewéinleche Plazen
Ee Konschtwierk pro Kanton, mam Projet Dodeka weist de Mudam 12 Konschtwierker ausserhalb vun de Muséesmaueren.

Am Kader vun hirem 20. Gebuertsdag ass de Projet mam Titel "Dodeka" entstanen. D'Iddi ass et, 12 verschidde Wierker aus der Mudam-Kollektioun an den 12 Kantoner ze weisen. D'Wierker kréien esou en neie Kontext a kommen aus de Muséesmaueren eraus. Mir ware beim Transport a bei der Placéierung vun zwee Wierker mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO