20 Joer sinn et hier, datt de Moler Roland Schauls déi éischte Kéier an der Galerie Clairefontaine ausgestallt huet.

Sengem kënschtlereschem Univers ass hien och iwwer d'Joren trei bliwwen. Referenzen aus der Konschtgeschicht, Gesiichter ouni Nimm, an natierlech Schong a Féiss sti weider am Virdergrond a senge Biller.

Schonn ëmmer wollt de Roland Schauls, deen tëscht Stuttgart a Lëtzebuerg hin an hier pendelt, eppes mat senge Biller erreechen. De Betruechter soll sech selwer eng Geschicht zum Bild ausdenken. De Moler liwwert hei just d’Matière: d’Gesiichter, en Dekor an en Titel zum Bild.

RTL

Kee reliéisen, kee philosopheschen a kee politesche Message verstoppt sech hannert senge Biller, an awer kënnt een net derlaanscht, fir sech Fro zu deene Schong a Féiss ze stellen, déi schonn zënter Joren omnipresent sinn a senge Wierker.

Witz an Ironie spillt am Roland Schauls senger Konscht genee sou eng grouss Roll wéi seng sëllech Uspillungen un d’Konschtgeschicht a seng bekannte Moler, déi hien inspiréiert hunn. Zanter Kuerzem ass de Kënschtler och pensionéiert, ma fir hie kee Grond, mat der Molerei opzehalen.

D’Ausstellung mam Titel "Nouveaux caprices" kann een nach bis Mëtt Dezember an der Galerie Clairefontaine gesinn. De Roland Schauls ass och nächsten Donneschden Invité am No Art On Air, wou een da méi iwwert seng Konscht gewuer gëtt.