Den CNA Heritage Hack, vum 30. November bis den 1. Dezember am Technoport um Belval, ass deen éischten Event an deem Genre zu Lëtzebuerg.

De leschte Weekend am November (30.11.-01.12) organiséiert den CNA mam Technoport e 24 Stonnen Hackathon „Heritage Hack“, mat ënnert anerem Archivmaterial vun RTL.

Fir dësen Event setzt den CNA wärend 24 Stonnen dausend Toun-, Foto- a Video-Dokumenter zur Verfügung.

Alles ass méiglech: Biller remixen, App a Spiller kreéieren, Info-Visualisatioun oder mathëllefen, d’Kollektiounen ze taggen.

Jiddereen ass wëllkomm an et brauch ee keng grouss technesch Kenntnisser.

Et kann een eleng oder als Equipe schaffen. De beschte Projet gëtt um Enn mat engem Präis ausgezeechent.

Fir weider Informatioun an Aschreiwungen: www.cnadigital.lu