Verbindungskabel hat net der Norm entsprach, sou d'Autoritéiten

© AFP/Archiv/PATRICIA DE MELO MOREIRA
16 Leit waren den 3. September bei engem Seelbunn-Ongléck an der portugisescher Haaptstad ëm d'Liewe komm.
Déi zoustänneg Autoritéiten hunn elo weider Detailer aus der Enquête zur Ursaach matgedeelt. Deemno huet d'Verbindungskabel tëschent den zwee Waggone vun der Seelbunn, dat sech deemools geléist hat, aktuellen Erkenntnisser no net den Norman entsprach.
Des weidere war et d'Recommandatioun, datt alleguer d'Seelbunnen zu Lissabon weiderhi sollten temporär hors service bleiwen, fir ze préiwen, ob déi noutwenneg Bremssystemer, "déi d'Kabinnen am Fall vun engem Seelbroch zum Stëllstand bréngen", funktionéieren.
E Waggon vun där bei Touriste beléifter Seelbunn war an enger Kéier entgleist a géint en Haus geprallt, woubäi 16 Leit ëm d'Liewe koumen.