Den aktuellen Trend zur Oprëschtung an Europa bréngt och wirtschaftlechen Opschwong. Dat huet d’Lëtzebuerger Regierung erkannt.

An nächster Zäit solle sech wieder Betriber hei am Land néierloossen, déi am Domaine vun der Defense aktiv sinn. Dofir muss awer d’Waffegesetz geännert ginn. Haut produzéieren zu Lëtzebuerg scho 75 Entreprisen indirekt, respektiv souguer direkt, Material wat vum Militär gebraucht gëtt. Nach ënnert der Konditioun, datt et keng déidlech Waffe sinn.
 
Eist Land ënnerstëtzt d'Ukrain zanter den éischten Deeg vun der russescher Invasioun. Material a Waffen, déi virop am Ausland kaf ginn. Dat soll änneren. Wann nëmme méiglech, soll och d’Lëtzebuerger Wirtschaft profitéieren. Déi lescht Woch huet Verdeedegungsministesch Yuriko Backes zwou Firmae besicht, déi an d'Ukrain liwweren.

Héich modern Gefierer fir ukrainesch Unitéiten

Ganz rezent huet hei déi brittesch Firma "North Defence" hiren europäesche Sëtz zu Steesel an der Industriezon opgemaach. Historesch ass d'Entreprise zanter 15 Joer a Groussbritannien spezialiséiert, am Bau vu Pompjees- a Rettungsgefierer. Mam Ufank vun der russescher Invasioun vun der Ukrain koum eng nei Aktivitéit derbäi: gepanzert Ambulanzen. An elo gëtt zu Steesel eng wieder Etapp agelaut: Schwéier Ween mat High-Tech um leschte Stand, déi bei de beschten Unitéite vum ukrainesche Militär a schwierege Situatiounen un der Front an den Asaz kommen. An enger éischter Phas sollen dräi där Gefierer d’Woch gebaut ginn.
 
"Mir sinn amgaang, eng grouss Rekrutementscampagne ze maachen. Mir siche virop qualifizéiert Leit, awer och Léierjongen. Mir wëllen déi nächst Generatioun un Talenter am Beräich Handwierk hei zu Lëtzebuerg fuerderen. Wéi gesot, mir wëllen och e positiven Impakt op d’lokal Ekonomie hunn", sou den Oliver North, Grënner an CEO vun North Defence.

Dron, Made in Luxembourg

Staark gewuess ass bannen de leschte Méint d’Entreprise LUX-UAV, déi Dronen an d'Ukrain liwwert. Ugefaangen huet alles mat der Produktioun vun Dual-Use Dronen, déi no engem Upgrade an der Ukrain vum Militär als Kamikaze-Dronen agesat ginn. Se spillen den Ament ënner anerem am Donbass eng extreem wichteg Roll, un der Front.

"Den Ament läit d’Produktiounscapacitéit bei ronn 1.000 Dronen de Mount. Et hänkt vum Modell of. Bis 2027 wëlle mer eng Capacitéit vun 10.000 Dronen de Mount erreechen", sou de CEO vun LUXUAV, Nicolas Zharov.
 
Déi nächst Etappe bei LUX-UAV wäert Entwécklung vu Reconnaissance-Drone sinn. Geplangt ass och eng Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, fir sou genannt Interceptiounsdronen ze entwéckelen. Am Januar wäert eng nei Produktiounshal ageweit ginn. Da soll och d’Produktioun semi-automatiséiert ginn. Nach gi keng fäerdeg Kampfdronen hei am Land produzéiert, well déi dofir néideg Autorisatioune feelen. Fir d'éischt muss do d’Lëtzebuerger Waffegesetz ugepasst ginn.