Am franséischen Departement Val d'Oise huet staarke Wand op e puer Plaze fir massiv Schied, mee och op d'mannst eng Doudesaffer gesuergt.

Wéi d'Noriichtenagence AFP vun der zoustänneger Prefektur confirméiert krut, ass an der Gemeng Ermont op d'mannst eng Persoun ëm d'Liewe komm. Aacht weider Leit goufe blesséiert, véier dovunner uerg. Duerch de Stuerm wieren "Diecher ofgerappt" ginn an et sinn och Kranen ëmgefall, wéi een op Videoen an de soziale Reseauen an och op Fotoe ka gesinn.

De franséische Rettungsdéngscht war mat engem Dispositif vun 80 Pompjeeën a 50 Polizisten op de betraffene Plazen am Asaz. D'Onwieder war verschiddene Medien no am spéiden Nomëtteg ugaangen. Déi franséisch Zeitung "Le Parisien", schreift an dësem Zesummenhang vun engem "Tornado", d'Prefektur vum Departement Val-d'Oise nennt et e "staarke Wand" a rifft d'Populatioun dozou op, onnéideg Deplacementer z'evitéieren.

D'Pompjeeë sinn nieft Ermont och an den Uerter Eaubonne, Andilly, Montmorency a Francoville am Asaz.