
Déi 69. Editioun, déi jo dës Kéier zu Basel an der Schwäiz war, huet am Ganzen 166 Millioune Spectateure weltwäit ugezunn. Dat sinn der 3 Millioune méi wéi nach d’lescht Joer, déi sech d’Halleffinallen, respektiv d’Finall vum Museksconcours op de Mediekanäl ugekuckt hunn.
D’Finall huet mat 47,7 Prozent nach méi Spectateuren erreecht wéi d’lescht Joer. Et ass och opgefall, dass dës Kéier och méi Jonker sech d’Showen ugekuckt hunn. 60,4 Prozent vun de Spectateure waren deemno tëscht 15 a 24 Joer al, och dat en neie Rekord.