Lëtzebuerger Filmfong18 vun 38 Projete kréien eng finanziell Ënnerstëtzung

RTL Lëtzebuerg
Insgesamt 9.545.796 Euro ginn an d'Produktioun vun den 18 Filmprojete gestach.

18 Filmprojete kréie finanziell Ënnerstëtzung vum Filmfong. Dat huet de Selektiouns-Comité de Méindeg den Owend matgedeelt.

Déi gréissten Zomm, fir genee ze sinn 2,225 Milliounen Euro, geet un de Drama “Ausser Otem” vum Eric Lahmène a Rae Lyn Lee, produzéiert vu Samsa Film. Am August dëst Joer soll et mam Tournage lassgoen.

Eng finanziell Sprëtz vun 1,5 Milliounen Euro gëtt et fir de Western “Dogboy” vum Jaco Van Dormael a Joe Sangre (Bac Cinema).

Déi selwecht Zomm vun 1,5 Milliounen Euro gëtt et fir d’Docu-Fiction Serie “Die Spaltung der Welt, 1939-1956” vun Iris Productions.

Déi klengste Finanzsprëtz vun 30.000 Euro gouf 3 mol accordéiert.

Alles an allem sinn et 6 Filmer, 2 Animationsfilmer, 3 Documentairen, 1 Serie, 1 Animatiounsserie, 1 Dokumentatiounsserie, 1 Docu-Fiction Serie, 2 Kuerzfilmer an 1 Virtual-Reality-Projet, déi finanziell ënnerstëtzt ginn.

Déi komplett Lëscht mat alle Projeten, déi zeréckbehale goufen, fannt Dir am Pressecommuniqué.

Back to Top
CIM LOGO