Berliner Ensemble"1984" vum George Orwell am Groussen Theater

Isabelle Gillen
De 26. a 27. Mäerz kënnt de Berliner Ensemble nees zréck an de Groussen Theater. Dës Kéier mat enger Bünenadaptatioun vum George Orwell sengem dystopesche Roman "1984".
© Jörg Brüggemann

“1984" erzielt um Beispill vum Protagonist Winston Smith d’Geschicht vun enger Welt aus der Zukunft, an där den Totalitarismus d’Muecht iwwerholl huet an d’Mënschen Dag an Nuecht mat kompletter Iwwerwaachung an extremer Ënnerdréckung konfrontéiert sinn. De Roman, deen 1949, kuerz nom zweete Weltkrich, vum englesche Schrëftsteller George Orwell, geschriwwe gouf, gëllt bis haut als ee vun de grousse moderne Klassiker aus der westlecher Literatur an ass ëmmer nees a popkulturelle Referenzen erëm ze fannen. Virun allem de Personnage “Big Brother” dierft och nach haut ville Leit e Begrëff sinn.

Elo kann een dës Geschicht dann och am Groussen Theater erliewen. Dat Ganzt gouf nei aus dem englesche vum Frank Heibert iwwersat an de Luk Perceval huet de Roman an en Theaterstéck ëmgewandelt. De Berliner Ensemble, dee scho méi dacks mat grousse Produktioune wéi fir d’lescht mat “Die Drei Groschenoper” zu Lëtzebuerg war, bréngt dann elo och “1984" an de Grand-Duché.

Vereenzelt Tickete sinn nach fir déi zwee Owender ze kréien a weider Informatioune, wéi och e kuerzen Abléck an d‘Theaterstéck, fannt Dir um Site vun de Stater Theateren.

Back to Top
CIM LOGO