Am Kader vun hirem 20. Anniversaire huet de gréisste Gestionnaire vu Wunnstrukture fir eeler Leit hei am Land, sech eppes ganz Spezielles fir seng Awunner afale gelooss. Eng literaresch Karawann zitt souzesoen duerch d'Land.
Zil vum Projet ass et, de Lëtzebuerger Patrimoine vun der Literatur de Leit méi no ze bréngen an d’Auteuren an hir Bicher bei d’Seniore vun de Servior-Altersheemer ze bréngen.
An der Serie Kultur Summer Push-Up kuckt d'Kulturredaktioun op déi interessantste Momenter aus de leschte Wochen zeréck a gräift Sujeten nach eemol op.
LINK: Kultur Summer Push-Up (10): Servais-Präis fir d'Elise Schmit am Mierscher Literaturzenter