
Zënter 1992 gëtt et dëse Präis, deen déi bescht literaresch Publikatioun vum leschte Joer auszeechent a mat 6.000 Euro dotéiert ass. D'Elise Schmit ass déi 6. Fra, déi dës Auszeechnung vun der Fondatioun Servais iwwerreecht kritt.
An de sechs Geschichte beschäftegt sech d'Autorin mat verschiddene Forme vu Falen, déi symbolesch kënne stoe fir Situatiounen am Liewen. Si beschreift sechs ënnerschiddlech Charakteren, déi op engem wichtege Punkt an hirem Liewen ukomm sinn an entscheede mussen, wéi hir eege Biographie weidergeet. D'Buch "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" ass bei Hydre Editions erauskomm.
D'Buch "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" ass bei Hydre Editions erauskomm.
An der Péitruss spadséiere goen – dat mécht d' Schrëftstellerin Elise Schmit dacks. Hei fënnt ee si och beim Liesen an Iddie sammele fir nei Geschichten. Schreiwe mécht si scho laang, mee publizéieren an als Autorin schaffen, dat ass e Schratt, deen net jidderee geet.
.
Buchpresentatioun Elise Schmit um RadioDonieft huet de Jury och e Prix d'Encouragement iwwerreecht un de jonken Auteur Jean Bürlesk fir säi Manuskript "The pleasure of drowning".


An der Serie Kultur Summer Push-Up kuckt d'Kulturredaktioun op déi interessantste Momenter aus de leschte Wochen zeréck a gräift Sujeten nach eemol op.
LINK: Kultur Summer Push-Up (9): Wanted - ee "grousse" Projet am Kulturhuef zu Maacher