Kulturhaaptstad Lëtzebuerg2007 - Lëtzebuerg a Groussregioun

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass déi grouss Ouverture vun Esch 2022. Da stellt Lëtzebuerg no 1995 an 2007 fir d'drëtte Kéier d'europäesch Kulturhaaptstad.

24/02/2022 Kulturhaaptstad 2007

Infrastrukture wéi Rockhal, Philharmonie, Mudam, Casino sinn no 1995 entstanen. D’Kulturschaffen ass méi professionell ginn. Alles dat hat 1995 lancéiert. Fir d’Kulturhaapststad 2007 goufen et aner Erausfuerderungen, deels ass iwwer d’Grenzen erausgeschafft ginn an et huet een ee gebraucht, deen och e politesche Feeling hat. Fir den Deputéierte Robert Garcia war d’Coordinatioun och eng perséinlech Erausfuerderung.

De Projet 2007 war direkt ganz grouss gesi ginn. Mat méi Projeten, méi Partner, méi Publikum fir unzespriechen.

Datt d’Kultur an hire ville Facetten do wier, war gewosst, mä et blouf nach ëmmer eng Cible, déi een erreeche wollt: Kanner a Jonker. Mat Workshopen, mat Theater, mat Aktivitéiten, mat Musekfestivaller goufe se ugesprach an erreecht. 2007 hat dee jonke Publikum fonnt an huet e weiderbehalen.

D’Plaz fir just déi unzelackelen ass och extra gesicht ginn: näischt Neies bauen, mä eppes Ales notzen: d’Rotonden, déi al Atelieren vun den CFL stoungen eidel a goufe kulturell belieft.

D’Begeeschterung vun de Jonken ass dat, wat dem Robert Garcia nach haut besonnesch um Häerz leit. Traureg ass en awer och iwwer aner Saachen. Datt d’Finanzkris vun 2008 d’Reserven aus der 2007-Kulturkees direkt opgefriess huet. An datt de Groussregioun-Projet net ganz esou lieweg bliwwen ass, wéi geduecht.

An da war jo do nach een Ophänkert, bis haut dat, wat am meeschten hänke bliwwen ass: de bloen Hirsch.

An der Spezial-Emissioun No Art on Air am Kader vun der Ouverture vun Esch 2022 ginn et nach weider Impressioune vun 1995 an 2007 um 19h00 op Tele Lëtzebuerg.


Back to Top
CIM LOGO