No der Pandemie an uergem Héichwaasser, freet sech de Festival dëst Joer op en normalen Oflaf.

Den Optakt vun dëser Editioun huet d'Lëtzebuerger Sängerin Naomi Ayé assuréiert a bis e Sonndeg dierf sech de Publik op eng weider Rëtsch lëtzebuergesch an international Museker a Musekerinne freeën. Ma niewebäi gëtt et e weidere Programm, deen Iechternach a Festival-Stëmmung versetzen dierft.
Niewent weider gratis Offere sollen och speziell Gilete fir méi Accessibilitéit am Kader vun de Feierlechkeeten ënnersträichen. Zu Verfügung gi se vun der Associatioun Solidarität mit Hörbeschädigte gestallt a solle Mënsche mat Héierschwächten erlaben, Concerte genéissen ze kënnen.

Méi Informatiounen zum Line-Up an Tickete fannt Dir HEI