Welleschter Kiermes

Wat wier eise Summer-Agenda ouni déi mëttlerweil traditionell Welleschter Kiermes déi iwwert d'Grenzen eraus bekannt ass? Dëse Weekend ass et da sou wäit.
An d'Leit zitt et zu Dausenden an dat klengt Miseler Dierfche fir sech do mat guddem Kascht an engem Gliesche Wäi verwinnen ze loossen.
De Programm ass dann och, wéi d'Traditioun et sou wëll, méi oder wéineger deen, deen een hei gewinnt ass. Den Yves Kirps vum Syndicat d'Initiative Welleschten:
"Sonndes, wéi Méindes och, hu mir als éischt mol eng waarm Kichen, déi ganz reputéiert ass. Mir maachen do ganz traditionell Saache wéi Judd mat Gaardebounen, Feierstengszalot, Entrecôten. Dat ass mol e groussen Deel vun eiser Kiermes. An natierlech hu mir och déi ganzen Zäit live Musek, dat vu Moies 11h30 bis Owes bis dass et eriwwer ass. Sonndes geet dat bis Mëtternuecht oder e bëssi dono a Méindes bis 3 Auer an der Nuecht."
Dat eent oder bekannte Gesiicht wäert een hei musikalesch gesinn och begéinen, wéi zum Beispill de Roll Girres an d'Sandy Botsch, fir nëmmen déi ze nennen. E Samschdeg ass et da well zu Welleschten lass gaangen, dat mam Vernissage vun enger Expo. D'Monique Michels vum Comité vum Syndicat d'Initiative vu Welleschten:
"Dëst Joer ass se mam Marco Weiten, hien ass e Moler, deen als Haaptsujet ganz oft wëll Déieren huet, hie moolt och Illustratioune fir Kannerbicher a bemoolt Maueren, Live Action Paintings an huet och elo de Fliger fir d'Luxair nei bemoolt. Hien ass säit 30 Joer aktiv a feste Bestanddeel vun der Konschtzeen zu Lëtzebuerg."
Dës Ausstellung kënnt Dir dann nach bis e Méindeg den Owend tëscht 11 an 20 Auer gesinn. Nieft der Expo sollt ee d'Duederendrëpp an nei dëst Joer och d'Duederentärtercher net entgoe loossen. Duedere si Friichten, déi ausgesi wéi Quetschen an d'Faarf hu vun de Mirabellen an nëmmen nach an dëser Géigend wuessen.
An natierlech dierf Animatioun fir Grouss a Kleng net feelen. A wie scho mol zu Welleschten war, dee weess, datt et e klengt Dierfchen ass an d'Parkméiglechkeeten och deemno begrenzt sinn. Dowéinst ginn och all Joer Navetten organiséiert déi d'Leit op d'Plaz bréngen:
"Déi Linnen, déi mer elo hunn, déi komme vu Mäerzeg, vun Iechternach, vun Dikrech, aus deem ganzen Uelzechtdall an awer och aus dem Süde besonnesch, déi hu mer schonn ëmmer ofgedeckt. Ze erwänen ass och, dass déi dëst Joer, nei, och Sonndes fueren, déi 4 Haaptlinnen. E ganz wichtegen Aspekt ass awer natierlech och eise P&R System, wou Navetten am 10 Minutten Takt vu Réimech iwwert Bech-Maacher op Welleschten fueren."
Dat déi 2 Deeg vu 16 Auer un. Et ass dann och den dréngenden Appell vun der Organisatioun op dës Navetten zréckzegräifen.
Sämtlech Linne sou wéi d'Horaire fannt Dir op latenightbus.lu oder op der Facebooksäit vum Syndicat d'Initiative Wellenstein.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Maislabyrinth vum Park Sënnesräich
Den Tipp vun en Dënschdeg: Congés annulés an de Rotondes
Den Tipp vun e Mëttwoch: 24 Stonne Vëlo Wëntger
Den Tipp vun en Donneschdeg:Keramik-Workshop zu Stengefort
Den Tipp vun e Freideg:Post History T’OUR zu Aasselbuer
Den Tipp vun e Samschdeg: D'Liewen um Kass-Haff zu Rolleng