E Freideg goung et am Live! Planet People ëm Fotografie, Musek a Konscht.

De Pierre Liébaert ass dee leschte Lakert an huet sech mat 80 Joer an engem Buch veréiwegt. "Vum Lompenhandel zum Recycling Center" erzielt seng Geschicht an déi vu senger Famill. Schonn am 5. Schouljoer huet hien houfreg dem Inspekter gesot, dass hie Lompekréimer wëllt ginn. Spéider huet hie sech um Sennengerbierg installéiert. Memorabel sinn e Referendum vun der Gemeng an déi 10 Deeg Hongerstreik am Februar 1991.

De Gerd Silberbauer war d'Gesiicht vun der Soko München an en Donneschdeg spillt hien zu Maarnech am Cube "Extrawurst". 1978, no der Schauspillschoul huet den Acteur vill Theater gespillt. Bis 1990 war hien um Bochumer Schauspillhaus, ier hien éischt Rollen op der Tëlee ugebuede krut. Am "Tatort", "Der Landarzt" oder "Ein Fall für zwei" war hien ze gesinn. Den 29. Dezember 2020 war d'Finall vun der SOKO München mat excellente Quoten.

D'Sarah Meyers ass Designerin a kennt sech aus mat Dekoratioun. Am Lockdown huet si zu Berlin no Inspiratioun gesicht. Déi 33 Joer jonk Fra experimentéiert am Glas, Plastik, Holz, Metall a Keramik. Zesumme mam Laura Fügmann, déi se op der Schoul kennegeléiert huet, huet d'Sarah sech en Numm gemaach. Bei "De Mains de Maîtres" konnt ee Wierker vun hir bewonneren an 2017 gouf et fir d'Sarah de "Luxembourg Design Award".

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.