An den Nationalarchiven gëtt d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Constitutioun opgeschafft.

1848 krut Lëtzebuerg eng Verfassung, mat där eise Staat zu enger konstitutioneller Monarchie ginn ass. D’Situatioun am Land war deemools ganz ugespaant. An den Nationalarchiven erkläert eng Ausstellung den Ament wéi brisant d’Lag war a wéi dozou koum dass a just 2 Méint eng nei Verfassung geschriwwe ginn ass.

D’Bild vu Lëtzebuerg dat am Ufank vun der Ausstellung «1848 : Revolutioun zu Lëtzebuerg» gezeechent gëtt ass net esou romantesch ass wéi d’Lithographien dat gleewen dinn : Temoignagen aus der Zäit an eng sëllegen Dokumenter weisen dass déi meeschte Leit immens aarm ware wärend d’Bourgeoisie sech et gutt goe gelooss huet.  Dat mëttellost Vollek huet deemools an Haiser mat just engem Raum gewunnt an deem gekacht, giess, geschlof gouf. Hat eng Famill vill Kanner hu bis zu 12 Leit esou beienee gelieft. Op der anerer Säit hate mer awer och eng Bourgeoisie déi ganz räich war, déi Schampes gedronk an Austere giess huet.

E Beispill dat den Ecart tëscht aarm a räich gutt duerleet ass de Gesetz vun 1845 iwwer Stréidiecher : Se hunn Angscht viru Féier, doduerch ginn d'Stréidiecher verbueden, mee déi aarm Leit hu guer net d'Moyen fir déi Diecher ze ersetzen. Dorunner gesäit een wéi aarm d'Land war seet d'Historikerin Marie-Paule Jungblut.

RTL

Et gouf vill Kontroversen tëscht dem Vollek an der Elite vum Land. D’Noriicht vun der Revolutioun a Frankräich huet dunn och hei am Land d’Faass zum platze bruecht.

An enger ganzer Rei vun Dierfer a vu Stied kënnt et zu Onrouen. Se froen a ruffen no der Republik an de Manifestatiounen. Se hänken de rout wäiss bloe franséische Fändel op oder se sangen de «Chant Belge». Do kënnt et dann zu Demonstratiounen erkläert d'Curatrice vun der Ausstellung.

Et gëtt no méi Fräiheet a Matsproocherecht gefrot. D’Situatioun war ugespaant ma et huet net laang gedauert bis dem Vollek nogelauschtert ginn ass.

Den 31. Mäerz gëtt de Kinnek no. Do seet en : « Dajee alt, d’Assemblée des Etats soll eng nei Constitutioun ausschaffen. ». Den 3. Abrëll mécht d’Regierung dann eng Proklamatioun fir eng nei Constitutioun esou d'Historikerin.

D’Verfassung déi dorops hin ausgeschafft gëtt féiert dëst Joer hiren 175. Anniversaire. Se leet de Grondstee fir eise moderne Lëtzebuerger Rechtsstaat.

An dësem längeren Interview gëtt d'Marie-Paule Jungblut weider Detailer wéi d'Verfassung virun 175 Joer geschriwwe ginn ass an erkläert wéi Informatiounen 1848 ganz ouni Internet an Influenzer un d'Leit gedroe gi sinn.

1848 : Revolutioun zz Lëtzebuerg - Interview mam Marie-Paule Jungblut
1848 : Revolutioun zu Lëtzebuerg - Interview mam Marie-Paule Jungblut

2 Joer hunn d’Nationalarchiven investéiert fir dëst wichtegt Kapitel vun eiser Geschicht op ze schaffen. Fir d’Wëssen no der Ausstellung accessibel ze halen ass parallel e Buch eraus komm. An dësem Buch verdéiwe mer déi Sujeten déi an der Ausstellung traitéiert ginn. Et si 16 Artikelen am Buch déi vu verschiddene Spezialisten a verschiddene Beräicher geschriwwe goufen. Et geet drëms ebe verschidde Sujeten déi an der Ausstellung just ugerass gi méi déif ze traitéieren seet d'Pressespriecherin vun den Nationalen Archiven Sanja Simic.

An der Expo kritt de Visiteur turbulent Zäite méi no bruecht déi eist Land bis haut prägen. Et ass e komplexe Sujet deen an der Expositioun duerch vill Personnagen, Gesiichter an Artikele gräifbar a verständlech duergestallt gëtt.

D’Expositioun leeft nach bis den 2. Dezember. Fir weider Informatioune iwwert déi aktuell Ausstellung kommt der hei et op d'Säit vun den Nationalarchiven.

RTL