"To bee or not to bee" zu Biekerech

Bei "To bee or not to bee" kënne Kanner vu 6 Joer un d'Welt vun de Beie besser kenne léieren a verstoen, firwat et sou wichteg ass, dës Wiesen ze schützen.
D'Beie liwweren eis dee gudden Hunneg, dat misst jidderengem bekannt sinn. Ma dat ass awer nach laang net alles: Si hunn an eisem Ekosystem eng onentbierlech Aufgab. An trotzdeem si si ëmmer méi a Gefor. An dowéinst gëllt et dës immens nëtzlech a wichteg Déieren ze schützen.
An deem Kader organiséiert de regionalen Tourismusverband zesumme mat der Biekerecher Millen eng guidéiert Visitt, bei där sech alles ëm d'Beien dréint. "To bee or not to bee", sou den Numm vun dëser Aktivitéit, déi souwuel den 10. August wéi och de 7. September jeeweils vu 14 bis 15:30 Auer ugebuede gëtt a bei där et drëms geet, d'Welt vun de Beie méi no kennen ze léieren. D'Nadine Schanck vum regionalen Tourismusverband Guttland:
"Andauchen an déi faszinant Welt vun de Beien a verstoen, firwat et sou wichteg ass, dës Wiesen ze schützen an iwwer wéi eng Weeër si eiser Natur mat hirer Aarbecht hëllefen. Et ass eng ganz léierräich Visitt zu Biekerech mat interessanten Anekdoten, Entdeckungen a Spiller, déi sech spezifesch u Kanner riicht."
Allerdéngs, an dat ass ganz wichteg, sollten d'Kanner a Begleedung vun engem Erwuessene sinn, och wann de Guide sech un déi Kleng adresséiert:
"Do ass et esou, dass de Guide sech der Vitess vu senge klenge Gäscht upasst an an deenen hirem Rhythmus ënnerwee ass. Verschidde Statioune ginn et, ënnert anerem passéiert een och zu Biekerech beim Weier."
An dat heescht fir d'Kanner Waasser a Waasser heescht Spaass. Ma och en Insektenhotel wäerte si op hirem Wee begéinen.
Dës Aktivitéit riicht sech u Kanner vu 6 Joer un an umelle kann ee sech um Site vu Visit Guttland.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Shinrin yoku - Waldbaden mat engem Bëschguide